Chômage zu LëtzebuergZwee Betraffener iwwert hir Aarbechtslosegkeet a Pandemiezäiten

Rosa Clemente
Si si forméiert, hu Beruffserfarung a wëllen zeréck op den Aarbechtsmaart, ma dëst ass aktuell e ganz schwéiere Wee.
Chômage zu Lëtzebuerg
Pandemie a keng Aarbecht – Zwee Betraffener schwätzen iwwert de schwéiere Wee fir nees zréck op den Aarbechtsmaart.

Fir d'Demandeurs d'emplois ass d’Situatioun den Ament net einfach. Um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart sinn d'Opportunitéite méi knapp a wa rekrutéiert gëtt, dann zitt sech de Prozess dacks iwwert Méint.

Enn Januar ware bei der Adem ronn 20.000 Residenten ageschriwwen. Dat sinn 20,7 Prozent méi, wéi nach d'Joer virdrun am Januar.

Déi héich Aarbechtslosenzuel ass awer net rezent. Wéi zejoert d'Pandemie ausgebrach ass, huet sech dat um Aarbechtsmaart erëmgespigelt. Vu Mäerz un ass d'Zuel vun den Aarbechtslosen hei am Land nämlech geklommen. Am Summer koum dann eng liicht Baisse, fir sech duerno nees op engem héijen Niveau ze stabiliséieren. Dëst béi engem Taux vu ronn 6,4 Prozent. Am Verglach: Virum Lockdown am Mäerz 2020 louch den Taux vun den Aarbechtslosen zu Lëtzebuerg nach bei ronn 5,5 Prozent.

Mä wéi erkläert sech déi Hausse? D’Isabelle Schlesser, Direktesch vun der Adem, schwätzt vun engem paradoxe Joer. 2020 hu sech nämlech net méi Leit bei der Adem ageschriwwen, wéi nach d’Joer virdrun. Par contre sinn um Aarbechtsmaart awer manner Plazen ausgeschriwwe ginn, sou datt vill Betraffener keng Aarbecht fonnt hunn.

Mëttlerweil soll all drëtte Chômeur hei am Land méi ewéi e Joer bei der Adem ageschriwwe sinn. D'Majoritéit dovu si Leit tëscht 30 a 44 Joer. Sou wéi och d'Samantha Biwer (34) an de Jerry le Vaillant (43). Déi zwee Betraffe si forméiert, hu Beruffserfarung a wëllen onbedéngt nees zeréck op den Aarbechtsmaart. Allerdéngs fanne si zanter Méint keng nei Plaz. Eng Situatioun, déi si immens belaascht.

Back to Top
CIM LOGO