E Mëttwoch den OwendZwee Blesséierter bei zwee Accidenter mat Motorrieder

RTL Lëtzebuerg
D'Rettungsdéngschter vum CGDIS goufen e Mëttwoch den Owend op zwee Accidenter geruff, an déi zwee Mol e Motorrad implizéiert war.
© Jeannot Ries

Wéi de CGDIS mellt, si géint 18:23 Auer op der Route de Luxembourg zu Munneref en Auto an e Moto net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf beim Accident blesséiert a vum Samu vun Esch, grad ewéi de Rettungsekippe vun Diddeleng a Munneref versuergt.

Um CR159 tëscht Izeg a Sandweiler ass iwwerdeem géint 20:37 Auer e Motocyclist gefall an huet sech dobäi blesséiert. Hei war de Samu aus der Stad am Asaz, souwéi d'Ambulanciere vu Réimech an d'Pompjeeë vun Hesper.

Back to Top
CIM LOGO