Am LokalenZwee Blesséierter bei zwee Accidenter um Dënschdeg

RTL Lëtzebuerg
E Schwéier- an ee Liichtblesséierte gouf et en Dënschdeg am fréien Owend, mellt den 112.

Kuerz no 17 Auer ass zu Esch an der Rue d'Audun en Auto op d'Kopp gaangen. Hei gouf eng Persoun uerg verwonnt.

Tëscht Dippech a Schuller gouf et e bësse méi spéit en Accident tëscht zwee Gefierer. Eng Persoun gouf liicht blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO