Accident op der N13Zwee Camione krute sech tëscht Dippech a Garnech ze paken

RTL Lëtzebuerg
D'Streck ass dann och fir den Trafic gespaart. Weider gouf et eng Iwwerschwemmung op der A13.
© Domingos Oliveira (RTL)

En Dënschdeg de Moie koum et zu engem Accident tëscht zwee Camionen, dat op der N13 tëscht Dippech a Garnech. D'Strooss gouf komplett gespaart, am Verkéier huet hei natierlech dunn och ferm gestaut.

Iwwerschwemmung bei Péiteng

D'A13, also d'Collectrice, huet missten op der Héicht vu Péiteng gespaart a béid Richtunge ginn, dat wéinst Iwwerschwemmungen an engem Tunnel. Deviatioune sinn op der Plaz gezeechent.

Back to Top
CIM LOGO