
Um Briddel ass um Freideg géint 17.29 Auer e Cyclist an der Rue de Steinsel vun engem Auto ugestouss a liicht blesséiert ginn. Op der Plaz am Asaz waren d’Ambulanz vu Mamer an d’Pompjeeën aus der Stad.
An der Nuecht op e Samschdeg koumen op der A13 tëscht Schengen an dem Tunnel Fréiseng zwee Autoen net laanschteneen. Eng Persoun gouf liicht blesséiert a vun de Rettungsdéngschter vu Beetebuerg, Uespelt, Fréiseng a Beetebuerg versuergt.
Géint hallwer 10 e Samschdeg de Moie sinn zwee Autoen zu Biwesch an der Duarrefstrooss aneneegerannt. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert. D’Pompjeeën an d’Ambulanz vun Ëlwen waren op der Plaz.
Zu Angelduerf war an der Route d’Ettelbruck kuerz no 10 Auer en Alarm no engem Accident mat engem Auto ausgeléist ginn. D’Pompjeeë vun der Nordstad an de CIS vun Angelduerf waren am Asaz.
E Samschdeg géint 16.30 Auer gouf et zu Märel an der Rue de la Barrière eng Kollisioun tëscht engem Cyclist an engem Motorrad. Eng Persoun gouf blesséiert.
Ëm déi selwecht Auerzäit gouf op der N31 Péiteng a Richtung Käerjeng eng Persoun ugestouss. De Bilan ass 1 Blesséierten.