
Um 1.40 Auer an der Nuecht op e Sonndeg waren 3 Leit blesséiert bei engem Accident tëscht Diddeleng a Zoufftgen.
De Chauffer vum Auto hat do d'Kontroll iwwer säi Gefier verluer a war mam Auto an ee Bam gerannt. Hie gouf am Auto ageklemmt. Béid Passagéier goufen aus dem Auto geschleidert.
Ee vun hinnen ass u sengen uerge Blessure gestuerwen. Den 2. Passagéier koum schwéier blesséiert an d'Klinik.
E Samschdeg den Owend koum et tëscht 22 an 23 Auer um CR115 tëscht Kruuchten a Schrondweiler zu engem déidlechen Accident.
E Chauffeur hat d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer a war an e Bam gerannt. Den Auto hat no der Kollisioun Feier gefaangen.
Fir de Mann hannert dem Steierrad koum all Hëllef ze spéit. Hien ass nach op der Plaz u sengen uerge Blessure gestuerwen.


E Freideg den Owend hat schonn eng Persoun hiert Liewen op de Lëtzebuerger Stroosse verluer. E Mann war zu Esch ugestouss ginn an hat net iwwerlieft.
E Samschdeg den Owend an an der Nuecht op e Sonndeg goufen et nach 4 Accidenter, bei deene Leit blesséiert goufen:
Géint 18 Auer sinn zu Beetebuerg an der Route de Mondorf zwou Persoune bei engem Accident verwonnt ginn.
Kuerz virun 19 Auer gouf eng Persoun blesséiert bei engem Accident tëschtViichten a Biissen.
Bei engem Accident tëscht Bidscht an dem Schumannseck um 19.30 Auer gouf eng Persoun blesséiert.
A kuerz no 3 Auer sinn tëscht Wëntreng a Rëmerschen zwou Persoune bei engem Accident verwonnt ginn