Och Clientë goufe gestrooftZwee Drogendealer am Garer Quartier verhaft

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg am Nomëtteg an an der Nuecht op en Dënschdeg konnten d'Beamten allkéiers ee presuméierten Dealer op Uerder vum Parquet verhaften.

Um Méindeg hunn d'Beamten en Dealer bei enger presuméierter Strofdot beobacht. Hien hat un dräi verschidde Leit Droge verkaf. Eng Persoun krut hir Wuer ofgeholl, den Dealer an zwou weider Persounen hu misste mat op de Policebüro. Beim Dealer goufe fënnef Kokainkugelen, 12 Tute Marihuana, zwee Handyen a ronn 210 Euro séchergestallt. Bei den zwou anere Persoune konnten 32 Gramm Marihuana, 810 Euro a véier Handye geséchert ginn. Géint si gouf eng Plainte gemaach, den Dealer koum virun den Untersuchungsriichter.

E weideren Deal gouf an der Nuecht ënnerbonnen. Hei konnt ee Keefer, dee Kokain kaf hat, gestallt ginn. Och goufe weider Transaktioune festgestallt, woubäi ee Client 34 Kugele Rauschmëttel bei sech hat. Géint béid Clienten, déi gestallt goufen, gouf eng Plainte gemaach, den Dealer koum virun den Untersuchungsriichter. All d'Drogen, Suen an Handye goufe saiséiert.

Back to Top
CIM LOGO