Aus dem PolicebulletinZwee Gangster verhaft, dräi alkoholiséiert Aggressiver an Arrest

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Moie sinn der Police zwee Männer, déi eng aner Persoun iwwerfall haten, an d'Netz gaangen.

An der Stad huet d’Police e Samschdeg de Moie gemellt kritt, datt zwou Persounen hirem Affer eng Auer an en Handy geklaut hunn. D’Sich, déi direkt lancéiert gouf, huet Friichte gedroen a si konnten déi zwee Onéierlech, déi déi geklaute Wuer nach bei sech haten, stellen. D’Auer an de Smartphone koumen zeréck bei hire Besëtzer an déi zwee Täter goufen op Uerder vum Parquet festgeholl.

Alt nees hunn d’Beamten op engem Samschdegowend dacks missten eraus, well et Streidereien oder Kläppereie gouf. An deene meeschte Fäll hat sech d’Situatioun, wéi d’Polizisten op d’Plaz koumen, scho berouegt.

Anescht awer an der Stad an engem Bistro op der Place Guillaume II géint 2 Auer e Sonndeg de Moien: Do ware méi Persounen unenee geroden an eng gouf blesséiert. Wéi d’Beamten op d’Plaz koumen, si si séier op dräi Leit opmierksam ginn, déi sech aggressiv verhalen hunn an och schonn d’Ekippe vum CGDIS bedrängt hunn. Si koumen den Opfuerderunge vun de Beamten och net no, d’Plaz ze verloossen an dowéinst huet ee “polizeilech Mesurë” missten asetzen, fir déi dräi Männer op Distanz ze halen. Eng zweet Patrull gouf geruff an zesumme mat de Kolleege konnt een déi aggressiv Männer immobiliséieren. Nodeems en Dokter si sech ugekuckt huet, konnte si d’Nuecht um Policebüro verbréngen.

Schonn um Samschdeg den Owend gouf et zu Esch eng Kläpperei virun engem Bistro op der Benelux-Plaz. Bei den Ermëttlungen a beim Duerchsiche vun den zwee Bedeelegte konnt d’Police kleng Quantitéiten Haschisch a Kokain fannen. D’Droge goufe saiséiert an hir Besëtzer protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO