No engem Match zu DéifferdengZwee jonk Männer vu Grupp Fans um Parking ugegraff, menacéiert a beklaut

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg den Owend géint 18.40 Auer koum et no engem Futtballmatch zu Déifferdeng zu engem brutale Virfall.
© RTL Archivbild

Zwee jonk Männer goufe vun engem Grupp vun der géignerescher Ekipp attackéiert. Dat Ganzt ass um Parking an der Avenue du Parc des Sport geschitt, wéi d’Police mellt.

De Chauffer gouf dobäi duerch déi oppen Autosfënster geschloen a krut seng Kap ewechgeholl. Och e Veräinsfändel an Trommelsticks goufen aus dem Auto geklaut. De Bäifuerer war iwwerdeems vun enger vermummter Persoun aus dem Gefier gezu ginn. Um Enn gouf nach e Säitespigel zerstéiert.

D’Police konnt d’Aggresseure méi spéit ermëttelen. Op Uerder vum Parquet goufen Ermëttlunge lancéiert an eng Plainte géint déi Verdächteg deposéiert.

Schreiwes vum FC Déifferdeng 03

Den Déifferdenger Futtballveräin distanzéiert sech vun der Dot nom Match géint den US Munneref. Si erënneren drun, dass de Moment, bis d’Situatioun am Detail opgekläert ass, d’Pésomption d’innoncene gëllt.

Suite aux différents posts qui circulent sur les réseaux sociaux sur un cas d’agression qui s’est apparemment déroulé hier soir en dehors du Stade Municipal après notre match contre l’équipe de l’US Mondorf, le FC Déifferdeng 03 tient à se distancer expressément d’un tel fait même sans avoir connaissance, pour le moment, du déroulement détaillé de la situation ainsi que de l’identité des coupables présomptifs (enquête policaire en cours).

Cordialement,
Le comité directeur du FC Déifferdeng 03

Back to Top
CIM LOGO