
No 11:30 Auer hat zu Kanech an der Éiter Strooss eng Poubelle gebrannt, déi déi lokal Pompjeeë geläscht hunn.
Zu Elleng "Op dem Ewent" huet et géint Mëtteg op engem Balcon gebrannt. Nieft der Ambulanz vun Diddeleng waren d'Pompjeeë vu Munneref, Fréiseng, Réimech an Diddeleng dohin.
Géint 13:10 Auer ass tëscht Mamer a Capellen e Motocyclist gefall. Hie koum blesséiert mat der Mamer Ambulanz an d'Spidol.
Op der Bréck tëscht Gréiwemaacher a Wellen (D) war et kuerz viru 14:00 Auer e weideren Accident mat engem Moto. Och dëse Chauffer gouf blesséiert a mat der Ambulanz vu Mäertert an d'Klinik bruecht.
Zu Esch-Uelzecht ass um 13:15 Auer an der Lëtzebuerger Strooss eng Persoun vun engem Auto ugestouss ginn a blesséiert mat der Escher Ambulanz an d'Spidol gefouert ginn.
Um Sennengerbierg an der Avenue de l'Aéroport hat no 14:10 Auer eng Wiss gebrannt, déi vu de Pompjeeë vum Findel geläscht ginn ass.
Géint 15:30 Auer stoungen zu Märel an der Rue des Celtes Hecken a Flamen, ëm déi sech déi Stater Pompjeeë gekëmmert hunn.
Kuerz no 16:00 Auer war dann nach an der Lëtzebuerger Strooss zu Esch-Uelzecht en Auto a Brand geroden, deen d'Escher Pompjeeë läsche waren.