CGDISZwee Motocycliste gefall an allebéid verwonnt

RTL Lëtzebuerg
Géint 16.50 Auer ass tëscht Gouschteng an Éinen e Motocyclist gefall. Och zu Esch bei der Place de l'Exposition war e Motocyclist accidentéiert.
© CGDIS

Déi lokal Secouriste ware béid Kéieren am Asaz, fir sech ëm déi blesséiert Persounen ze këmmeren.

E Méindeg koum et zu Groussbus géint 13 Auer zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoen, bei där zwou Persoune blesséier goufen. Op der Plaz waren d’Rettungsdéngschter vu Réiden an aus dem Préizerdaul.

Bränn uechtert d’Land

Iwwerdeem mellt den 112 fir eng Partie Bränn e Méindeg. Zu Bech huet en Daach vun engem Gebai gebrannt, zu Uewerkuer war et eng Kichen, déi Feier gefaangen hat. Zu Housen an an der Bigelbaach hate Felder gebrannt an zu Uespelt gouf et e Feier an enger Wiss. Iwwerall blouf et beim Materialschued.

Back to Top
CIM LOGO