Et war schonn déi 6. Assermentatioun vun der DP-Buergermeeschtesch Lydie Polfer, déi déi Éischtgewielte bei de Gemengewalen an der Stad war. Si behält d’Ressorten, déi si schonn déi lescht 5 Joer hat. D’Administration générale, d’Kommunikatioun, d’Kultur, d’Stadentwécklung an d’Sécherheet.
Nei am Gemengerot sinn déi fréier Familljeministesch Corinne Cahen (DP), déi Véiertgewielte war. Si iwwerhëlt eng Partie vun de Ressorten vum Maurice Bauer (CSV): D’Action sociale, eeler Leit, Personnes à besoins spécifiques, de Logement an déi politesch Integratioun.
Am Schäfferot nach nei dobäi ass de Paul Galles (CSV), deen d’Ressorte vun der Colette Mart (DP) iwwerhëlt, déi net méi am Schäfferot dobäi ass. Dëst sinn den Enseignement, d’Crèchen an d’Foyers scolaires.
Den éischte Schäffen an Drëttgewielte Serge Wilmes (CSV) bleift och bei senge Ressorte vu Klima an Ëmwelt, Architektur, Stadentwécklung (zesumme mat der Lydie Polfer) an ëffentlech Plazen.
De Patrick Goldschmidt (DP) als Zweetgewielte behält d’Ressorte vun der Mobilitéit, sou wéi Fêtes et marchés a kritt d’Digitalisatioun, Hygiène a Biens et Topographie dobäi.
De fréiere Sozialschäffen Maurice Bauer (CSV) iwwerhëlt vum Laurent Mosar (CSV), deen net méi am Schäfferot dobäi ass, d’Finanzen. Doriwwer eraus këmmert hie sech ëm de Commerce an Tourismus, ëm d’Chancëgläichheet an déi Jonk.
D’Simone Beissel (DP) behält d’Ressorte Sport a Fräizäit, souwéi Infrastrukturen an nei Konstruktiounen.