PoliceZwee Permise wéinst Alkohol um Steier provisoresch agezunn

RTL Lëtzebuerg
Eng Kéier zu Hoen an eng weider Kéier zu Bäreldeng waren d'Beamten dowéinst am Asaz.

Zu Hoen war um Dënschdeg de Mëtteg enger Gemengenagentin e Chauffer opgefall, dee wuel zimmlech duerchernee war. D’Persoun huet d’Opfuerderunge vun der Agentin ignoréiert, esou datt d’Police informéiert gouf. Den Alkoholtest war positiv, dräi Mol méi, wéi erlaabt, esou datt de Permis agezu gouf.

En änlecht Resultat dann no 21 Auer zu Bäreldeng, wéi en alkoholiséierte Chauffer de Beamten opgefall ass.

Back to Top
CIM LOGO