
Géint 23.30 Auer hat eng Automobilistin an der Lëtzebuerger Strooss zu Schieren e Bam mat hirem Won ze pake kritt a gouf dobäi liicht verwonnt. Wéi d’Police op der Plaz ukoum, war d’Fra schonn um Wee an d’Spidol. Do hunn d’Beamten dann och festgestallt, dass d’Fuererin gedronk hat, wat och en Test confirméiert huet. De Permis gouf agezunn an d’Fra krut nach op der Plaz e Fuerverbuet ausgestallt. Och eng Bluttprouf gouf ugeuerdent. Wéi d’Police nach präziséiert, ass en Totalschued um Won entstanen. Dësen huet missen ofgeschleeft ginn.
Kuerz no 4 Auer an der Nuecht op en Dënschdeg ass enger Patrull e Gefier opgefall, dat mat héijer Vitess duerch d’Areler Strooss zu Capellen a Richtung Wandhaff gesteiert gouf. Do huet de Chauffer nach eng zweet Policepatrull iwwerholl. Tëscht dem Wandhaff a Stengefort konnt de Won mat 3 Passagéier u Bord gestoppt a kontrolléiert ginn. De Mann hannert dem Steier war däitlech alkoholiséiert, wat och an dësem Fall en entspriechenden Test confirméiert huet. De Permis war dono fort.