D'Police melltZwee presuméiert Déif gepëtzt, véier weider Abréch um Samschdeg

RTL Lëtzebuerg
Zu Esch gouf e Samschdeg eng Bäckerei iwwerfall, de presuméierten Abriecher konnt awer festgeholl ginn. Och bei Bierchem gouf eng Persoun gepëtzt.

An der Nuecht op e Sonndeg huet d’Police op engem Parking bei Bierchem een Auto mat zwee Leit kontrolléiert. Am Auto hunn d’Beamten eng Rei geklaute Saache fonnt. Eng vun den zwou Persounen huet der Police du gestanen, datt d’Saachen aus aneren Autoe geklaut goufen. Op Uerder vum Parquet gouf eng Persoun festgeholl, den Auto gouf saiséiert. Bei enger Kierperkontroll huet d’Police dunn och nach eng kleng Meng un Droge fonnt. Och dowéinst gouf Plainte gemaach.

E Samschdeg géint 7 Auer Moies hat et zu Esch ausserdeem en Abroch an eng Bäckerei ginn. Am Laf vun den Ermëttlungen hätt de presuméierten Abriecher identifizéiert a gestallt kënne ginn, esou d’Police e sonndeg. Hie gouf festgeholl an engem Untersuchungsriichter virgefouert.

An der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg gouf dann och nach a véier Haiser agebrach. A der Rue des Romains um Senningerberg, an der Rue Arsène Mersch zu Käerch, an der Rue des Carrières um Weimershaff an an der Rue de la Poste zu Rammerech. D’Spueresécherung war an alle véier Fäll op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO