Gare a Stroossbuerger StroossZwee presuméiert Drogendealer goufe festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Nodeems schonn de 4. Oktober 4 Dealer festgeholl goufen, ass der Police judiciaire en Dënschdeg nees e Coup géint 2 presuméiert Täter gelongen.
© Police

Um 19.30 Auer hunn d'Beamten an der Avenue de la Gare en Drogendeal konnten observéieren. Beim Client selwer goufen 2 Bullen Heroin séchergestallt. Beim Dealer goufen 13 Bullen Heroin, 45 Bulle Kokain a 7 Tute Cannabis, sou wéi 84€ séchergestallt. Den Dealer gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Mëttwoch virun den Untersuchungsriichter.

Um 1 Auer gouf dann nees en Drogendeal observéiert, dat an der Stroossbuerger Strooss. De Client hat eng Bull Kokain op sech. Och an dësem Fall gouf den Dealer säitens dem Parquet festhuele gelooss.

Back to Top
CIM LOGO