
Fir d’éischt gouf d’Police wéinst engem Abroch e Mëttwoch am Nomëtteg an der Rue Felix Blochausen an der Stad geruff. Do haten zwee Täter sech iwwer d’Kellerraim vun engem Appartementshaus en Zougang zum Gebai verschaaft. Si goufen allerdéngs vun den Awunner dobäi erwëscht a si geflücht. Am Kader vun den Ermëttlunge konnt ee Verdächtege kuerz Zäit méi spéit ermëttelt a gestallt ginn. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl.
An der Nuecht op en Donneschdeg koum et géint 2.54 Auer zu engem weideren Abroch, dës Kéier an e Bürosgebai an der Rue Robert Stumber zu Gaasperech. Éischten Informatiounen no huet de presuméierten Täter eng Fënster ageschloen, fir an d’Gebai eranzekommen. Nom Abroch gouf et eng Sichaktioun, bei där den Onbekannte konnt gestallt ginn a gouf och hei op Uerder vum Parquet festgeholl.