
Kuerz drop konnt eng Patrull vun der Police zwee Verdächteger identifizéieren an déi geklaute Géigestänn bei hinne sécherstellen. Ee vun hinne gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Méindeg virun den Untersuchungsriichter. Deen zweete presuméierten Täter war nach net groussjäreg a gouf op Uerder vum Parquet an der Unisec zu Dräibuer ënnerbruecht.