
En Dënschdeg hate sech géint 17 Auer en Auto an eng Camionnette zu Kielen an der Ollemer Strooss ze pake kritt. Zwou Persoune goufen heibäi blesséiert.
E Mëttwoch de Moie fréi ass een Automobilist eppes viru 5 Auer mat sengem Won zu Holztem bäigaangen. Hei sinn zwee Blesséierter ze bekloen.
Eng gutt Stonn méi spéit sinn zwee Gefierer zu Ettelbréck net laanschtenee komm. Hei gouf eng Persoun verwonnt.
Géint 8.45 Auer war et nach eng Kollisioun tëscht zwee Autoen op enger Kräizung zu Bruch. Wärend dem Opraumaarbechte koum et zu Problemer am Trafic. Eng Persoun koum blesséiert an d’Spidol.

Bränn en Dënschdeg
Kuerz virun 21 Auer en Dënschdeg den Owend hat et um Briddel gebrannt. Den Daach vun engem Haus an der Rue Guillaume Stolz hat Feier gefaangen. D’Pompjeeë vu Koplescht goufe vun hire Kolleegen aus der Stad, vu Steesel a Kielen ënnerstëtzt. Dem CGDIS no blouf et beim Materialschued.
Gebrannt hat géint 22.40 Auer dann nach e Kichenapparat zu Bäreldeng. Och hei ass kengem eppes geschitt.