Um DonneschdegZweemol Verhaftung no Kierperverletzung: Zu Diddeleng an zu Déifferdeng

RTL Lëtzebuerg
Bei engem Sträit an enger Wunneng an der Rue de Hussigny zu Déifferdeng gouf eng Persoun mat engem Messer blesséiert.

Den Täter hat sech duerch d’Bascht gemaach a gouf am Laf vun der Nuecht verhaft. Hie kënnt e Freideg bei den Untersuchungsriichter.

Zu Diddeleng gouf eng jonk Fra vun engem Bekannte geschloen a blesséiert. De Schëllegen ass selwer op de Policebüro komm an huet e Freideg Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

6 Drogendealer ermëttelt a festgeholl

Wéi d’Police weider mellt, war en Donneschdeg an Zesummenaarbecht mat der Douane eng gréisser Drogekontroll op der Gare zu Rodange. 37 Beamten an 2 Drogenhënn waren do am Asaz, dorënner 32 Polizisten aus der Regioun Sud-Ouest, 12 Beamte vun der Police criminelle an 2 Douanieren.

Am Ganze goufe 6 Drogendealer op frëscher Dot gepëtzt. Drogen an aner relevant Géigestänn goufe séchergestallt. Op Uerder vum Parquet goufen déi Verdächteg festgeholl a koume virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO