
Géint 21 Auer gouf eng jonk Fra, déi a Begleedung vun engem Bekannte war, vun zwee Meedercher an engem jonke Mann menacéiert. Eng vun den Täterinnen huet déi jonk Fra geschloen, bis déi den Täter Boergeld ginn huet. D'Täter hu sech duerch d'Bascht gemaach, d'Fra gouf liicht blesséiert.
Tëscht 21 an 21.30 Auer gouf et e weideren Tëschefall. Hei sinn zwou jonk Frae vun 3 Meedercher attackéiert ginn. Si hu probéiert den Affer d'Poschen ze klauen. Wéi eng vun de Fraen haart ëm Hëllef geruff huet, nodeems si op de Buedem geheit gouf, sinn déi 3 Täterinne fortgelaf. Och hei gouf eng Persoun liicht verwonnt.
Déi presuméiert Täter goufen a béide Fäll nach net fonnt. D'Affer hu Plainte gemaach an d'Police enquêtéiert.