
Kuerz viru Mëtteg e Mëttwoch waren op engem Chantier an der Géigend vun de Kasären zwou 60 mm Mortiers-Granaten aus dem Zweete Weltkrich fonnt ginn. De Service Déminage huet d’Chargen doropshi kontrolléiert gesprengt.
D’Stroosse ronderëm d’Kasäre ware wärend dem Asaz komplett fir de Verkéier gespaart, den Härebierg selwer huet awer net missten evakuéiert ginn, wéi et vum Service Déminage op Nofro heescht.