Stater ParkZwou Jugendlech haten zwee jonk Meedercher iwwerfall a geschloen

RTL Lëtzebuerg
Dobäi hu si hinnen en Handy, Airpods, eng Posch an eng Joggingsbox geklaut, déi d'Affer virdrun nach unhat.

D'Polizisten haten d'Affer an der Avenue Monterey ugetraff, kuerz nodeem si vun zwee anere Meedercher iwwerfall goufen, dat géint 21.15 Auer. Virdrun krut dat eent Affer den Handy an d'Airpods ofgeholl, an deem aneren gouf  eng Posch an eng Joggingsbox geklaut. Dobäi haten d'Ugräiferinnen dat zweet Affer gezwongen, d'Box auszedoen. Wéi d'Affer ëm Hëllef ruffe wollten, goufe si och geschloen.

Net wäit ewech vun do, wou si op d'Affer getraff waren, konnten d'Beamten eng vun de Frae stellen, déi all d'Géigestänn bei sech hat. Dës goufe saiséiert an dono de Besëtzerinnen zeréckginn. Déi zweet Ugräiferinn konnt awer net méi fonnt ginn. De Parquet huet d'Fra verhafte gelooss a si koum e Sonndeg de Moie virun den Untersuchungsriichter. D'Ermëttlungen an d'Sich no där aner Täterin leeft weider.

An enger éischter Versioun hate mir fälschlecherweis vun enger drëtter Täterin geschwat. Et waren awer just zou Fraen un der Dot bedeelegt.

Back to Top
CIM LOGO