12 nei InfektiounenZwou Persounen hu sech hei am Land ugestach

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Santé en Donneschdeg de Moien matdeelt, ginn et aktuell 12 nei Infektiounen duerch de Coronavirus. Ee Fall gouf et am Spidol um Kierchbierg.
© Domingos Oliveira / RTL

Wéi et heescht, hätte sech 2 Persounen hei am Land duerch eng lokal Transmissioun ugestach.
Eng Persoun gouf gëschter am spéiden Owend am Kierchbierger Spidol diagnostizéiert. Et handelt sech ëm e Patient, deen zanter e puer Deeg scho wéinst engem anerem Diagnostik stationär an där Klinik behandelt gouf wéinst Symptomer op de Covid-19 getest gouf, wéi mer vum zoustännegen Directeur des soins Christian Kirwel am RTL-Interview erkläert kruten.

Et gouf dofir e speziellen Dispositif en place gesat, fir d'Personal an déi aner Patienten ze schützen.

Christian Kirwel: D'Mesurë sinn, dass mer do eng Rei vun Tester maachen, bei Personal och Analysen man. Ween huet mat deem geschafft, respektiv ween huet dee Patient gefleegt, souwuel Dokteren, wéi och Kontakt mat anere Patienten.

De Christian Kirwel

Et ass een an direktem Kontakt mat der Santé, fir dann ze kucken, fir all déi Mesuren ze huelen. D'Mesurë sinn, dass mer eng Rei vu Quarantänen dann och hunn, an dass d'Personal geschützt gëtt, mat den Hygiene-Moossnamen, déi dann ubruecht sinn, sou de Christian Kirwel.

Directeur soins Hôpital Kirchberg, Christian Kirwel
Directeur soins Hôpital Kirchberg, Christian Kirwel
© Domingos Oliveira / RTL

Dat bedeit konkret, datt an den Entréesdiere vum Spidol um Kierchbierg vun elo un och verstäerkt kontrolléiert. Heifir gouf en Zelt op der Plaz opgeriicht. D'Patiente-Visitte gi limitéiert. De Parking ass just nach fir d'Personal op.
Et gëtt dann och Ännerunge bei de chirurgescher prise en charge a bei den ambulante Consultatiounen.

Konkret heescht dat, datt déi Operatiounen déi programméiert an net urgent sinn einstweilen op Äis geluecht sinn. Wéi laang ass zu dësem Ament nach net ofzegesinn.

De Christian Kirwel iwwert d'Operatiounen

Urgence-Operatiounen an de regulären Urgencen-Déngscht sinn net a Fro gestallt, sou de Christian Kirwel.

Et ass den dréngende Rappel, datt Leit déi Symptomer hunn oder aus Risiko-Zonen zeréck kommen net bei den Dokter oder an d'Urgencë solle goen. D'Hotline ass den 8002 8080.

Wéi de SIP matdeelt, gouf de Regierungsrot nach eemol fir en Donneschdeg den Owend 18 Auer zesummegeruff, fir iwwert déi weider Schrëtt am Kader vum Virus ze beroden.

Schreiwes vum Gouvernement

12 nouvelles infections au COVID-19 au Luxembourg (12.03.2020)
Communiqué par: ministère de la Santé

La Direction de la santé informe que douze nouvelles infections avec le coronavirus COVID-19 ont été diagnostiquées. À ce stade, une transmission locale a été constatée pour deux cas.

L'évaluation de la situation est en cours.

Un cas a été diagnostiqué sur le site Kirchberg des Hôpitaux Robert Schuman (HRS). Ainsi, dans l'intérêt de la protection de la santé publique, HRS met en place le dispositif spécial suivant sur le site du Kirchberg:

• Renforcement du contrôle d'accès à l'entrée principale
• Limitation des visites des patients
• Réservation du parking exclusivement pour le personnel et le corps médical
• Suspension de la prise en charge chirurgicale programmée
• Diminution substantielle des consultations ambulatoires.

Le public est invité à consulter la FAQ disponible sur le site www.gouvernement.lu/coronavirus pour les renseignements d'ordre général et les gestes de prévention à adopter ou d'appeler la hotline sous le numéro 8002 8080.

Le gouvernement tient à rappeler que les personnes présentant des symptômes d'une infection (toux, fièvre ou problèmes respiratoires) et rentrant d'une zone à risques, ne doivent pas se rendre chez le médecin ou aux urgences, mais sont censées appeler le 8002 8080 ou, en cas d'urgence, le 112. D'autre part, elles doivent s'abstenir de rendre visite à des personnes vulnérables.

Studente vun der Uni Lëtzebuerg ënner Quarantän

E puer Studente vun der Uni Lëtzebuerg sinn ënner Quarantän a ginn op de Covid-19 getest. D’Coursë vun de betraffe Studiegäng si bis Enn der Woch ofgesot. Et handelt sech hei ëm d’Bacheloren am Droit an an der Gestioun, grad esou wéi de Master am Enseignement Secondaire.

Bis ewell géif et awer kee confirméierte Fall vu Covid-19 op der Uni. Et géif sech hei ëm eng reng Virsiichtsmoossnam handelen. Dat schreift d’Uni.lu op hirer Websäit.

D’Coursë vun de betraffe Studiegäng géifen d’nächst Woch eventuell online ofgehale ginn.

RTL NEWS: Aféiere vu weidere Mesuren am Kampf géint de Coronavirus geplangt

Back to Top
CIM LOGO