
Am Gebai hate si Dieren a Fënstere ageschloen, fir esou an de Restaurant ze kommen. Geklaut hate si verschidde Wäertsaachen. Direkt, wéi d'Beamten op d'Plaz koumen, hu si eng Sichaktioun gestart a konnten zu Esch an der Rua des Acacias zwee Männer festhalen, déi mam Abroch a Verbindung konnte bruecht ginn.
Bei der genauer Kontroll vum Auto gouf Abrochsgeschir, Händschen awer och déi geklaute Wäertsaache séchergestallt. De Parquet huet d'Männer verhafte gelooss a si koumen nach de selwechten Dag virun den Untersuchungsriichter. Déi geklaute Saache goufen nees un hir Besëtzer zeréckginn.
Da gouf et nach zwou gréisser Alkoholkontrollen. Dat eng Kéier op der N14 zu Biwer an eng Kéier op der N1 zu Rued-Syr. Am ganzen hunn 194 Automobiliste misste blosen an an 3 Fäll huet een en Avertissement oder e Procès-verbal missten ausstellen. Ee Chauffer huet de Permis missten ofginn.
Zwou weider Persounen hunn de Permis da bei normale Kontrollen verluer, datt eng Kéier an der Stad an eng Kéier zu Miersch.
Verschidden Accidenter huet d'Police dann och nach gemellt. Esou een zu Iechternach an der Rue des Remparts. Hei war en Automobilist an eng Garagëpaart gerannt an huet sech dono duerch d'Bascht gemaach a Richtung Steenem. Wéi de Mann du gestoppt gouf, huet sech erausgestallt, datt hien ze vill gedronk hat. De Permis huet hien dierften ofginn.
An der Arelerstrooss zu Stroossen hat en Automobilist, deen aus der Rue Reckendall koum, d'Virfaart ignoréiert an esou koum et zu engem Zesummestouss mat engem Bus. De Chauffer vum Auto gouf ageklemmt, war awer uspriechbar, wéi d'Police op d'Plaz koum. D'Rettungsdéngschter konnte de blesséierte Mann aus sengem Gefier befreien an no enger Behandlung vum Samusdokter gouf hien an d'Spidol bruecht. D'Police schreift weider, datt keng Persoun am Bus éischten Indicen no méi uerg blesséiert gouf. De Protokoll vum Accident gouf opgeholl.
E jonken Automobilist hat zu Nidderkuer eng Foussgängerin iwwersinn an huet dës, trotz enger Vollbremsung, nach ze pake kritt. De Samusdokter huet déi blesséiert Persoun behandelt a si koum dono an d'Spidol. D'Police an de CGDIS schreiwe weider, datt si wuel keng schwéier Blessuren hat.