
Éischten Informatiounen no ass den Auto mat e puer Passagéier an enger Kéier mat sengem Gefier un d’Schleidere geroden, huet eng Clôture duerchbrach an ass duerno an e Bam gerannt.
D’Police präziséiert, dass et zu enger Course-Poursuite duerch d’franséisch Police komm war, déi awer op Lëtzebuerger Territoire ofgebrach gouf. Nom Accident hunn Zeie gemellt, dass 3 vun de 5 Leit aus dem Auto fortgelaf waren. Si konnten awer vun der Police bei enger Tankstatioun nees gepëtzt ginn. Et goufen de Beamte verschidde Versioune vum Accident presentéiert, falsch Identitéite goufen opgedëscht, verschidde Leit stoungen ënner Alkoholafloss an et goufe bei engem Mann Droge fonnt.
Zwou Persoune koume mat uerge Wonnen an d’Spidol, zwee weider Leit goufe liicht blesséiert. Op Uerder vum Parquet gouf den accidentéierten Auto séchergestallt.