KierchbiergZwou Persounen no versichtem Abroch an Déifstall festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Um Kierchbierg wollten Onéierlecher an en Haus abriechen, mä goufen dobäi in flagranti erwëscht.
© Police

Zwee Männer hate versicht, sech Zougang zu engem Haus iwwert d’Veranda ze verschafen. Wéi si vum Proprietär dobäi erwëscht goufen, hu si sech séier aus dem Stëbs gemaach. Am Gaart ass d’Police op Geschier gestouss, dat beim versichten Abroch an den Asaz komm ass. Wéi sech erausgestallt huet, goufen d’Géigestänn aus engem Nopeschgaart matgoe gelooss.

Zwou Stonne méi spéit huet en Awunner der Police gemellt, dass zwou verdächteg Persounen an de Gäert vun der Rue Abbe Jos Keup ënnerwee wieren. An der Rue Leon Thyes goufen déi zwee dunn ermëttelt. Op Uerder vum Parquet goufe béid Männer festgeholl an haten e Méindegnomëtteg Rendez-vous virum Untersuchungsriichter. E Mandat d’arrêt gouf ausgesprach. Si koumen op Schraasseg an Untersuchungshaft.

Um Site vun der Police fannt Dir nëtzlech Informatiounen, wéi Dir Iech géint Abréch protegéiere kënnt.

Back to Top
CIM LOGO