Op eise StroossenZwou Persounen ugestouss, ee Mol Auto géint Camion an ee Mol Auto géint Bam

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS war en Dënschdeg den Owend 4 Mol bei Accidenter op eise Stroossen am Asaz.

Géint 17.20 Auer hate sech an der Route de Wasserbillig zu Iechternach en Auto an e Camion ze pake kritt. Zwou Persoune goufen hei blesséiert. D’Ambulanz vun Iechternach war op der Plaz.

Um 19.36 Auer gouf eng Persoun an der Rue Pierre Schiltz vun engem Auto ugestouss. De Samu an d’Ambulanz vun Esch an d’Secouriste vu Keel waren op der Plaz. Géint 20.40 hunn d’Ambulanz vun Esch an d’Secouriste vu Keel nach eng Kéier missten op d’Plaz kommen. Dat well nees eng Persoun vun engem Auto ugestouss ginn ass.

Kuerz no 20 Auer goufen et 2 Blesséierter, wéi op der N14 tëscht Dikrech a Steeën en Auto an e Bam gerannt ass. Hei waren d’Secouristen aus der Nordstad am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO