
Aktuell sinn 68 (+5) Persounen hospitaliséiert, dovunner 14 (+1) op der Intensivstatioun.
Den Ament ginn et 2.632 (+10) aktiv Infektiounen an 49.301 (+135) Persoune gëllen als geheelt.
E Mëttwoch kruten 1.079 Persounen hir 1. Dosis gesprëtzt, 389 Leit kruten hir 2. Dosis gesprëtzt. Am Ganze sinn dat elo 21.390 Dosissen.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,00. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.