Te Deum an der KathedralKardinol Jean-Claude Hollerich: "Vive eise Grand-Duc Guillaume"

Lea Schwartz
No der Militärparade war op Nationalfeierdag nach den traditionellen Te Deum. Dëst Joer an enger bësse verkierzter Form an mat engem Plurireliéise Virspann.
Kardinol Jean-Claude Hollerich: "Vive eise Grand-Duc Guillaume"
Den Te Deum war dëst Joer an enger bësse verkierzter Form a mat engem Plurireliéise Virspann.

Ee verkierzten Te Deum wéinst der Hëtzt

Et war den éischten Te Deum fir de Grand-Duc Guillaume an duerch d'Hëtzt ass de Programm ugepasst ginn. Ee Museksstéck ass net gespillt ginn an de Kardinol Jean-Claude Hollerich huet op seng Priedegt verzicht. Hie lueft dem Grand-Duc Guillaume seng Ried an der Philharmonie um Dënschdeg de Moien a betount, dass et och schwéier gewiescht wär no där Ried nach eppes ze soen. Dofir beschränkt hie sech just op de leschte Saz vu senger Priedegt. "Vive eise Grand-Duc Guillaume. Vive eis Grande-Duchesse Stéphanie. Vive déi ganz groussherzoglech Famille."

De Resumé vun de Feierlechkeeten an der Philharmonie kënnt dir hei noliesen.

Ee Plurireliéise Virspann

Dass et waarm war, huet een de Leit ofgesinn, egal wou ee gekuckt huet, et ass sich Loft zougefächert ginn. Trotz der Hëtzt sinn eng 1.000 Leit an der Kathedrale fir den Te Deum gewiescht. Dorënner 14 verschidde Vertrieder vun anere Kierchen a Kulten. Et ass dëst Joer ee plurireliéise Virspann ginn. Representanten aus dem Islam, der Protestantescher Kierch an dem Juddentum hu verschidde Gebieder virgedroen. Dat waren de Grand Rabbin Alain Nacache, den Dr Hilmija ef. Redžić, chef de culte musulman an den Volker Beba, Paschtouer aus der Protestantescher Kierch.

Ee weidere besonnesche Moment war d'Uropféirung vum spezielle Gebiet fir de Grand-Duc "Domine salvum fac" an enger neier Kompositioun vum jonke Lëtzebuerger Organist Michel Krier.
Donieft ass d'Sonnerie nationale gespillt ginn vun dräi Trompettisten aus der Militärmusek. D'Chorale Ste. Cécile huet musikalesch duerch den Te Deum geleet ënnert der Direktioun vum Marc Dostert a begleet vun den Organisten Michel Krier an Paul Breisch

No der Heemecht hunn de Grand-Duc Guillaume an d'Grande-Duchesse Stéphanie d'Kathedrale ënnert den Téin vum Johann Sébastian Bach sengem "Prélude et fugue" am ré majeur an Applaus vun de Leit aus der Kathedral verlooss.

Back to Top
CIM LOGO