Lass geet et moies um 9:15 Auer mat der Spezialemissioun op der Tëlee. Do si mer live an der Philharmonie mat dobäi a gesinn, wéi d'Éieregäscht ukommen a sech fir d'Zeremonie, déi um 9:30 Auer lassgeet, prett maachen. Um Radio sinn de ganzen Dag Live-Interventioune vun de verschiddene Plazen.
Um 11:45 Auer iwwerdroe mer d'Militär- an d'Zivilparad aus der neier Avenue. Den Te Deum ass um 16:15 Auer an der Kathedral a gëtt och live op RTL Tëlee an rtl.lu iwwerdroen a kommentéiert.
Vun 19 Auer u weise mer Iech nach eemol déi bescht Momenter vum Dag am Resumé mat och am Journal Reaktiounen a Stëmmungsbiller uechtert d'Land.