
De CGDIS zitt nom Virowend vun Nationalfeierdag de Bilan. Et gouf zwar genuch ze dinn, mä eng aussergewéinlech Nuecht war et zum Gléck net. Dat sot den Tom Barnig, Direkter vun der Coordination opérationnelle beim CGDIS en Dënschdeg de Moie fréi géintiwwer RTL.
Déi preventiv Moossnamen an d'Warnungen hätte wéi et ausgesäit hir Wierkung gewisen. Am Total goufen 93 Persoune vun de CGDIS-Ekippen en Charge geholl. 15 Leit sinn an d'Spidol bruecht ginn.
Esou gouf et nom Freedefeier e klengen Brand ënner der Neier Bréck, deen awer bannent Minutte geläscht war. A Clausen war eng Persoun vun enger Bréck an d'Waasser gefall. Och hir konnt séier gehollef ginn.
Wéinst der Hëtzt war e speziellen Dispositif en Place gesat ginn, fir d'Festivitéiten ze encadréieren. An der Stad waren zousätzlech 140 Pompjeeë mobiliséiert.
An der Nuecht waren zwee medezinesch Posten installéiert, 8 Ambulanze stounge prett an 19 Ekippe waren zu Fouss ënnerwee.
Och d'Festivitéiten op Nationalfeierdag selwer ginn encadréiert. Bei der Militärparad sinn 72 Pompjeeën, 7 Ambulanzen an ee Samu op der Plaz fir sech ëm eventuell Urgencen ze këmmeren. Bis d'Enn vun der Woch wäerten d'Rettungsekippe verstäerkt mobiliséiert bleiwen a ginn ënner anerem vum Roude Kräiz, der Arméi a Luxambulance ënnerstëtzt.
Och d'Krise-Cellule hat e Méindeg scho Wësse gedoen, datt et um Dag selwer kee gréisseren Incident gouf. Bis Hallefnuecht hätt de CGDIS am Ganze Land 300 Interventioune gehat.
An den Urgencen an de Spideeler wiere liicht méi Fäll en Charge geholl ginn ewéi an der Moyenne. D'Situatioun géing weider observéiert an evaluéiert ginn.