
Géint 3.46 Auer ass déi däitsch Police alarméiert ginn, well Zeien en haarde Knall héieren hunn. Eng Fra hat gesinn, datt de Bankomat, deen net wäit vun der Wäistrooss ewech steet, gesprengt gi war. Dono wier e wäisse Kombi, eventuell vun der Mark Citroën wéi d'Police schreift, séier vun der Plaz fortgefuer.
De Bankomat stoung zu Nëttel - Nittel op Däitsch - fräi nieft engem Gebai, esou datt kee Schued un engem anere Gebai entstanen ass an och keng Persoune blesséiert goufen.
An deem Kader freet d'Police elo och no Zeien, déi eventuell eppes gesinn hunn oder Informatiounen zum Auto kënne ginn. Déi solle sech bei der Police vun Tréier ënnert dem 004965198343390 respektiv hire Kolleege vu Saarburg um 00496581985110 mellen.