Zanter dem 3. Oktober 2025 ass de Grand-Duc Guillaume de Staatschef vu Lëtzebuerg. A senger Ried an der Philharmonie sot hien, dass den Trounwiessel e Moment gewiescht wier, wou d'Bestännegkeet an d'Kontinuitéit vun der Monarchie ervirgehuewen hätt.
D'Demokratie géif net vum Eenzele liewen, ma vum Mateneen, esou de Grand-Duc Guillaume. Et wier un der Jugend, geschwënn Verantwortung ze iwwerhuelen.
“D’Jugend orientéiert sech fir d'éischt un deem, wéi mir et maachen. Mee si muss och mat kriteschem Geescht hiren eegene Wee sichen, deen hirer Zäit gerecht gëtt. An enger ëmmer méi digitaler Welt besteet de Risiko, datt mir matenee verbonne sinn, ouni eis wierklech ze begéinen.”Grand-Duc Guillaume
De Grand-Duc Guillaume ass an der Ried och drop agaangen, wat déi verschidde Symboler vum Nationalfeierdag bedeiten: de Fakelzuch, d'Militärparad oder och déi zivil Zeremonie an der Philharmonie.
“D'Fakelen, datt d'Demokratie zesummegedroe gëtt. De Militäreschen an zivillen Defilé, datt Fräiheet Engagement vu jidderengem vun eis erfuerdert. Dës Zeremonie, datt d'Wäerter iwwer d'Generatioune weiderliewe wa mir bereet si Verantwortung ze iwwerhuelen.”Grand-Duc Guillaume
D'Demokratie wier eng gemeinsam Rees, dofir wier hien och houfreg, dass um Ufank vum Mount d'Sozialpartner beienee fonnt hunn, fir de Lëtzebuerger Model vun Dialog a Kompromëssbereetschaft ze beliewen, esou de Staatschef.
Um éischten Nationalfeierdag mam Grand-Duc Guillaume géif et vill Grënn ginn, mat Vertrauen no vir ze kucken, esou de Luc Frieden. Net well d'Welt méi einfach gi wier, ma well et iwwerall Leit gëtt, déi bereet wieren, e Bäitrag ze leeschten.“Lëtzebuerg wäert sech ëmmer asetze fir Demokratie, Fridden, Fräiheet a Mënscherechter – fir fundamental Wäerter, déi e respektvollt a verantwortungsvollt Zesummeliewen erméiglechen, heiheem an an der Welt.”
Luc Frieden, Premierminister
De Chamberpresident Claude Wiseler sot, dass een aktuell net méi den "onerschütterleche jugendlechen Optimismus" géif spieren. Ëmmer méi Leit wéilte keng Noriichte méi kucken, well et ze belaaschtend wier.
“Dat erféiert mech. Mee ech verstinn et. An et mécht mir Suergen, datt deen Engagement verluer geet, deen a mengen Ae ganz wäertvoll fir eis Gesellschaft ass. Fir weiderzekommen, däerfe mir eis net an d'Täsch léien, eis selwer Märercher erzielen. Mir mussen eis Schwächten erkennen. A virun allem musse mir eis Stäerkten – an där hu mir – identifizéieren an ausbauen.”Chamberpresident Claude Wiseler
Lëtzebuerg wier e Land, dat op Konsens aus ass, esou de Claude Wiseler. De sozialen Zesummenhalt an der Gesellschaft wier eng Stäerkt vu Lëtzebuerg, déi ee misst bäibehalen.