Méi wéi all zweete grousse Séi weltwäit verléiert dauerhaft Waasser

© AFP/Archiv/Frederic J. BROWN
Grond dofir wier der Etüd no de Klimawandel an den iwwerméissege Waasserverbrauch duerch de Mënsch.
Dat steet an engem Artikel am Magasinn "Science". Deemno liewe ronn 25 Prozent vun de Mënsche an der Géigend vun engem Séi, dee Waasser verléiert.
D'Fuerscher aus den USA, Frankräich a Saudi-Arabien hu fir hir Etüd déi Séien, déi 1972 als gréisste Séien a Stauséien vun der Welt klasséiert goufen, geholl a wäerten hir Satellittebiller aus de Joren 1992 an 2020 aus. De Fazit: Knapp 53 Prozent vun de Séie verléiere Waasser, dat mat enger Vitess vun 22 Gigatonne Waasser pro Joer.
Iwwert de kompletten Zäitraum vun der Etüd gounge 603 Kubikmeter Waasser verluer. Dat entsprécht der siwwenzéngfacher Mass vum Lake Mead, dem gréisste Stauséi an den USA.
Verschidde vun de betraffene Séie befanne sech iwwerraschenderweis an enger fiichter Regioun, wéi am Amazonas oder an der Arktis. De Fuerscher no deit et drop hin, datt dat, wat vill Leit iwwert de Klimawandel mengen, datt dréche méi dréchen an naass méi naass bedeit, net ëmmer zoutrëfft.
"D'Séie si weltwäit a Schwieregkeet, an dat huet wäitgoend Suitten", esou d'Auteure vun der Etüd. "Si erlaben et der Gesellschaft an der Mënschheet ze iwwerliewen, awer si kréien net de Respekt, dee se verdéngen", seet de Balaji Rajagopalan. Séie maachen dräi Prozent vun der Iwwerfläch vun der Äerd aus, stellen awer 87 Prozent vum flëssege Séisswaasser op eisem Planéit do. De Mënsch notzt d'Waasser ënner anerem fir ze drénken, fir d'Landwirtschaft a fir d'Produzéiere vum Stroum.