
Onbekannter hunn zu Gütersloh an Däitschland aus enger Kierch, déi eidel steet, sëllegen Uergelpäife geklaut. Tëscht e Sonndeg de Mëtteg an e Méindeg de Moie wieren d'Déif an d'Gotteshaus agedrongen, sou d'Police aus der nordrhein-westfälescher Stad an engem Communiqué. Vill Aarbecht fir d'Päife matgoen ze loossen haten d'Brigangen net, well déi meescht dovu schonn ofmontéiert um Duxall louchen.
Nodeems Responsabeler den Abroch opgefall war, sinn d'Päifen, déi nach iwwreg waren, zesumme mat anere Wäertgéigestänn aus der Kierch op enger sécherer Plaz bruecht ginn. Wéi vill Päife geklaut gi sinn a wat hire Wäert ass, huet d'Police net präziséiert. Si sichen elo no Zeien, déi eppes zur Léisung vum Fall kënne bäidroen.