Biber verursaacht Accident op däitscher Autobunn

© Miloszelezny/Pixabay
Bei Dresden koum et duerch e Bam, deen op d'Autobunn gefall ass, zu engem Accident. Den Haaptverdächtegen ass e Biber.
D'Police aus dem sächsesche Görlitz deelt um Méindeg mat, dass d'Zeien um Samschdegowend e Bam op der Streck gemellt hunn. Béid Spueren op der Autobunn goufe gespaart, d'fräiwëlleg Pompjeeë vun Ohorn hunn d'Plaz geraumt.
E bësse méi spéit hätt eng Fra bei der Police ugeruff, déi uginn huet, dass op der Autobunn e Bam op hiren Auto gefall wier. Blesséierter goufen et keng, mä e Materialschued an Héicht vun 1.200 Euro.
D'Police hätt d'Spuere geséchert a konnt sech op e Verdächtege festleeën: "Wéi et ausgesäit, war e Biber fir de Fall verantwortlech." Och aner Beem wieren ugeknabbert gewiescht.