Hëllef fir honnertdausende Leit
Groussbritannien accordéiert Medikament géint Broschtkriibs

© AFP
Ronn 290.000 Fraen a Groussbritannien kéinten deemnächst e preventiivt Medikament géint Broschtkriibs huelen.
D'Zilgrupp fir Anastrozol wiere Fraen no de Wiesseljoren, bei deenen e mëttleren oder héije Risiko fir Broschtkriibs besteet. Dat deelt de brittesche Gesondheetsdéngscht NHS an der Nuecht op en Dënschdeg mat.
Tester vum NHS hätte gewisen, dass d'Unzuel u Broschtkriibs-Fäll duerch Anastrozol iwwer eelef Joer ëm d'Hallschent erofgoe kéint. Wëssenschaftler hätten nämlech erausfonnt, dass d'Medikament net nëmme bei der Behandlung hëlleft, mä och preventiv géint d'Krankheet agesat kéint ginn.
Am meeschte gelies