Bréiwer u franséisch Séileit a Groussbritannien fonnt

© THE NATIONAL ARCHIVES/AFP/Renaud Morieux
Si waren ni ukomm. Elo goufe Bréiwer aus dem 18. Joerhonnert endlech opgemaach a gelies.
D'Bréiwer stamen aus der Zäit vum Siwejärege Krich tëscht Frankräich a Groussbritannien a liwwere perséinlech an historesch Temoignagen.
E Bréif vun der Fra vun engem Offizéier, en anere vun enger Mamm, déi sech bei hirem Jong doriwwer beschwéiert, dass hie sech net dacks genuch mellt... Et si Bréiwer, déi wärend dem Krich vun 1756 bis 1763 vun der Royal Navy ofgefaange goufen.
"Ech géing d'Nuecht gären domat verbréngen, dir ze schreiwen (...), deng Fra fir d'Liewen. Gudden Owend mäin treie Frënd. Et ass Mëtternuecht. Ech mengen et ass Zäit, dass ech schlofe ginn", schreift d'Marie Dubosc am Joer 1758 un hire Mann Louis Chambrelan. Hie war vun de Britte festgeholl ginn an ass dat Joer duerno gestuerwen, ouni senger Fra hir Wierder jeemools gelies ze hunn.
Am Ganze goufen 104 Courrieren deemools als Dokumenter vu militäreschen Interessi definéiert a spéider un déi brittesch Nationalarchiven iwwerginn, wou se an engem Kartong schliisslech a Vergiessenheet gerode sinn.
Kierzlech hätt e Geschichtsprofesser vun der Cambridge Universitéit Renaud Morieux se entdeckt. "Ech hu reng aus Virwëtz gefrot, ob ech mir d'Kartongskëscht ukucke kéint", erzielt hien. "Ech hu gemierkt, dass ech déi éischt Persoun wier, déi dës ganz perséinlech Messagë liest. D'Empfänger hunn dës Chance ni kritt, dat ass ganz ergräifend."
Haaptsächlech vu Frae geschriwwen, temoignéieren d'Bréiwer d'Erfarunge vu bestuete Fraen, Mammen a Verléiften.
De Renaud Morieux huet déi 181 Membere vum franséische Krichsschëff Gelatée identifizéiert, vun deenen ee Véierel zu den Empfänger vun de Bréiwer gezielt huet an huet och zu deenen anere recherchéiert.
1758 gouf ongeféier een Drëttel vun deene ronn 60.000 franséische Séileit a Groussbritannien emprisonéiert. Verschiddener sinn u Krankheeten oder u Mangelernierung gestuerwen, anerer goufen nees fräigelooss. Wärend dëser Zäit waren d'Bréiwer déi eenzeg Méiglechkeet, déi d'Familljen haten, fir mateneen ze kommunizéieren.

© THE NATIONAL ARCHIVES/AFP/Renaud Morieux