Industrie-Roboter gräift Mann a bréngt dësen ëm

© ZHOU CHAO ImaginechinaImaginechina via AFP
Wéi et heescht, soll de Roboter net méi konnten tëscht Produktiouns-Këschten an dem Affer ënnerscheeden, sou eng südkoreanesche News-Agence e Mëttwoch.
D'Affer, e Mataarbechter vun enger Firma am Beräich vun der Landwirtschaft, war kuerz virum Accident am Gaangen d'Sensore vum Roboter z'inspizéieren. Den Industrie-Roboter, deen normalerweis Këschte mat Paprika ophieft an op eng Palett setzt schéngt awer zu deem Moment technesch Problemer gehat hunn an huet de Mann mat enger Këscht verwiesselt, sou d'Police.
Den Aarm vum Roboter huet den Uewerkierper vum Mann dunn no ënnen op d'Fléissband gedréckt, an dobäi ganz uerg Blessuren am Beräich vum Gesiicht an der Broscht verursaacht. Hie gouf nach an d'Spidol transferéiert, ma ass ass spéider u sengen uerge Verletzunge gestuerwen.
Eréischt am Mäerz koum et a Südkorea zu engem änleche Virfall. Hei gouf e 50 Joer ale Mann uerg blesséiert, wéi hie vun engem Roboter an enger Automobilsfirma gegraff gouf, wéi dësem an engem Beräich fir Auto-Deeler geschafft huet.