D'Fra huet an der Haaptstad vun Chile fir vill Opreegung gesuergt. Videoe weisen, wéi si randaléiert a Passanten um Airport Nuevo Pudahuel attackéiert.

Esou huet si ënner anerem eng aner Fra un den Hoer gerappt a si esou op de Buedem gezunn. Der Noriichtenagence Emol no hat d'Fra virun hirem geplangte Fluch op enger Party halluzinogene Champignonen zousechgeholl. Si gouf vun der Police festgeholl.