
Elo geet et op d’Bourse. Déi Kéier awer net mat eise gewinnten Experten zu deem Thema, nee, mir stellen iech d’Wéngertsbourse vir – eng Initiative vu LEADER Miselerland, a genee do huet de Christian Schmit sech dat emol erkläre gelooss.
Hien hat och dowéinst an de Wéngerten op eiser Musel Rendez-vous mam Félix Weyer, dem Coordinateur vun deem Projet mam Numm “Rebflächenbörse und Brachflächemanagement”.
Wat hu mir eis dann elo ënnert der Wéngertsbourse virzestellen?
“Hei geet et dorëms, fir Proprietäre vu Wéngerten, awer och Wënzer, déi elo ophalen, Parzellen héich ze lueden, an ëmgedréint, deenen anere Persounen, jonke Wënzer, d’Méiglechkeet ze ginn, Parzellen ze fannen. Do kann een och e Gebot maachen op där Plattform, dass een aktiv no enger Parzell sicht. Do sinn och Jonker schonn, déi e bëssche wéi Quereinsteiger sinn, déi awer och do interesséiert sinn, fir hir Parzell doriwwer ze fannen an déi da kënnen ze maachen.”
Et ass e Fait, dass Wéngerten aus ënnerschiddleche Grënn net méi exploitéiert ginn, verwëlderen a riskéieren, ganz ze verschwannen. Et geet dorëms, deem entgéint ze wierken an ze versécheren, dass d’Landschaftsbild op eiser Musel erhale bleift.
“Et geet dorëms, dass éischtens emol di Wënzer, déi hir Parzelle nach weider bewirtschaften, net duerch Krankheete niewendru belaascht gi soen ech elo emol, an nach méi Steng an d’Féiss geluecht kréien. Anerersäits am Tourismus soen ech ass et och net grad schéin, wann Touristen op d’Lëtzebuerger Musel kommen an do Dréischel oder Bësch gesinn, dee sech do entwéckelt. Dat wëlle mir net hunn.”

D’Wéngertsbourse ass elo am Februar online gaangen. An nëmmen an e puer Minutten kann esou eng Parzell online sinn: “Dorëms ass et eis gaangen, dass dat ganzt relativ einfach an innovativ ass. Mir kënne mat enger FLIK Nummer, kann een déi uginn, an da gëtt do alles eraus gefiltert mat der Parzell, wou déi ass an och op enger Kaart duergestallt. Da muss ee just nach seng Riefzort uginn, an dann ass dat an zwou Minutten online geschalt.”
Et ass eng 1-zu-1 Vermëttlung, inklusiv Chat-Funktioun. Souwuel Verpachte wéi och e Verkaf kënnt hei a Fro an et koume scho Kontakter zustanen: “Also mir hunn elo insgesamt an déi 40 Annonce schonn drop gehat, an och schonn néng Parzellen, déi do vermëttelt goufen. Et ass natierlech en Nischen-Thema, mee fir dee kuerze Moment, wou elo alles online ass, si mir scho ganz frou, wéi dat elo dobaussen opgeholl ginn ass.”
D’Wéngertsbourse funktionéiert och just fir Wéngerten op eiser Lëtzebuerger Musel, also net grenziwwerschreidend.
Vill Wënzer sinn an tëscht bei Alter a wäerten an noer Zukunft ophalen, an déi hunn net onbedéngt e Nofollger fir de Betrib. Déi kënnen deemno elo hir Parzelle registréieren a ginn esou jonke Wënzer eng Chance, sech ze verwierklechen an droen dozou bäi, déi eenzegaarteg Kulturlandschaft ze erhalen an de Lëtzebuerger Wäibau ze stäerken.
An och vill Gemengen op der Musel hunn op hirer Internetsäit schonn e Link op d’Wéngertsbourse: www.wengertsbourse.lu