Op der Gare zu Bielefeld huet en 73 Joer ale Mann säi Moment genotzt an enger Fra d'Géihëllef geklaut, wéi dës him op enger Bänk de Réck gedréint huet.

Wéi d'Police vu Sankt Augustin e Méindeg matdeelt, hätt sech d'Pensionärin e Samschdeg Mëtteg an der Hal vun der Gare op eng Bänk gesat, fir sech auszerouen. Hir Géihëllef hat si nieft sech gestallt. Ma nodeems si sech kuerz ëmgedréint hat, war hir Géihëllef net méi do.

Wéi d'Auswäertung vun den Iwwerwaachungskameraen erginn huet, souz den 73 Joer ale Mann op der selwechter Sëtzgrupp wéi d'Fra. Kuerz nodeems dës ukoum, ass de Mann mat sengem Rollator opgestanen a gaangen. Op der Héicht vun der Fra ass hien allerdéngs kuerz stoe bliwwen a wéi dës him de Réck gedréint huet, huet de Mann d'Géihëllef geholl a sech duerch d'Bascht gemaach.

E Sonndeg gouf de Mann um Wee bei eng Metro du vu Beamten erkannt. D'Géihëllef gouf saiséiert an un d'Pensionärin zréckginn. Géint den 73 Joer ale Mann gëtt elo ermëttelt.