Iwwer 500 PortiounenPaella genéisse fir de gudden Zweck

Bea Kneip
E Samschdeg preparéieren de Victor an d'Bea Vidal um Kierchbierg 500 Portioune Paella a sammelen domadder Sue fir de gudden Zweck.
© Centro Español

Paella a Solidaritéit, béides steet dëse Samschdeg den 19. September um Kierchbierg am Mëttelpunkt. Fir dës solidaresch Paella ze preparéieren, reesen zwee renomméiert Käch, d'Koppel Victor a Bea Vidal aus dem Restaurant Levante de Benissanó vu Valencia extra op Lëtzebuerg. Si gehéieren zum "World Central Kitchen Chef Corps" engem internationalen Netzwierk vu Gastronomen, déi a Katastrophe-Fäll hir Kachkonscht an den Déngscht vun deene stellen, déi et am néidegste brauchen.

D'ONG World Central Kitchen (déi iwwregens 2025 beim Luxembourg Peace Prize ausgezeechent gouf) ass vum gebiertege Spuenier José Andrés gegrënnt ginn an iwwerall op der Welt aktiv, an der Lescht zum Beispill no den Äerdbiewen a Kolumbien a Venezuela. De Victor an d'Bea waren 2024 bei den Iwwerschwemmungen zu Valencia am Asaz, wou si sech mat anere Käch zesummegedoen haten, fir de Betraffenen eng waarm Molzecht offréieren ze kënnen. Wat ass d'Missioun vu World Central Kitchen a wéi hunn de Victor an d'Bea d'Flutkatastroph vun 2024 erlieft? Dat erzielt de Victor Vidal am Interview. Dernieft verréit hien awer och, wat dat Wichtegst ass, wann een eng gutt Paella wëll zerwéieren, a wéi dee weltberüümte Plat eigentlech entstanen ass.

Wat ass World Central Kitchen?

Victor Vidal:"World Central Kitchen (ofgekierzt WCK N.d.l.R) ass eng Organisatioun, déi bei all Zort vu Katastrophe ganz séier agräife kann, dat well si iwwerall op der Welt mat hire 'Chefs Corps' e Reseau vu Käch hunn, ech gehéieren och dozou. Wann an der Regioun vu Valencia iergend eng Kéier nees eppes geschitt, da sinn ech den éischten Uspriechpartner, an ech kann aus éischter Hand Informatiounen iwwer d'Situatioun op der Plaz weiderginn: wou gëtt d'Hëllef am dréngendste gebraucht, wéi eng lokal Entreprisë kënnen hëllefen a wéi kann déi Hëllef koordinéiert ginn; Leit aus der Géigend, deene mir vertrauen an déi genee wëssen, zu wéi engem Moment wat gebraucht gëtt. Et ass keng ONG géint den Honger, d'Philosophie ass eng aner. Et geet net just drëms, fir de Leit eppes z'iessen ze ginn, mä och fir deenen, déi alles verluer hunn, Hoffnung erëmzeginn. Wa mir kachen, da maache mir dat mat Léift, déi Betraffen kréien net just en Teller mat Iessen, mä eng kleng Grëtz Hoffnung, fir dass si wëssen: 'Do ass iergendwou e Mënsch, deen eng gutt waarm Molzecht fir mech kacht...' A wann et esou grouss Katastrophe si wéi bei den Iwwerschwemmungen zu Valencia virun zwee Joer, de Gaza-Konflikt, déi rezent Äerdbiewen a Kolumbien oder am Venezuela oder d'Explosioun zu Beirut, da sinn et vill Mënschen, déi staark dorënner leiden. A WCK suergt dofir, dass si ganz séier dat néidegst kréien, Waasserfläschen, Iessen, Kommunikatioun, Kleeder, an esou weider."

Wéi hutt Dir d'Flutkatastroph vun 2024 zu Valencia erlieft?

Victor Vidal:  "Mir haten nach ni bei enger Organisatioun vun esou enger Envergure matgemaach, mä mir géifen et zu all Moment, ouni ze zécken, erëm maachen. En plus konnte mir eis selwer dovun iwwerzeegen, dass WCK de Projet perfekt geréiert. All Euro u Spende gëtt appreciéiert an op eng intelligent Manéier agesat, ouni Suen onnéideg ze verbëtzen. D'Spende ginn integral dofir benotzt, deenen ze hëllefen, déi et am meeschte brauchen. Dofir ass eng enorm Infrastruktur néideg, an déi kascht natierlech. Si ass awer noutwendeg, fir eng Hëllef ze koordinéieren, déi a ville Fäll vu Säit vun de jeeweilege Regierungen net esou séier op d'Bee gestallt gëtt. Bei der World Central Kitchen ginn déi mënschlech an déi ekonomesch Gestioun Hand an Hand, jiddereen dréit dozou bäi. D'Interventioun zu Valencia, wéi se an den éischte 24 bis 48 Stonnen ofgelaf ass, war filmräif. Mam José Andrés un der Spëtzt huet jiddereen am Bulli geschafft, wann dat néideg war. Jiddereen huet gekacht, Iesse verdeelt, an d'Koordinatioun huet perfekt geklappt. Mäi Papp an ech – jidderee mat enger Camionnette vum Restaurant – hunn Iesse verdeelt. Meng Fra Bea huet am Restaurant eis Ekipp organiséiert, befrënnte Käch aus anere Restauranten a méi wéi 30 Benevollen, déi op der Plaz waren an eis gehollef hunn ,déi ronn 3500 Platen ze kachen, déi all Dag aus eise Kichen erausgaange sinn. Am Fong ondenkbar fir e Restaurant, deen op engem normale Sonndeg maximal 300 Portiounen (vun der Entrée iwwer den Haaptplat bis bei den Dessert) zerwéiert. Mir hunn alles ginn. Soulaang mir och nach e Fonken Energie haten, hu mir weider gekacht, fir déi, déi et am meeschte gebraucht hunn. Mir hunn et fäerdegbruecht, méi wéi 42.500 Portiounen ze kachen, ze verpaken an ze verdeelen, fir eis Noperen. Alles dat wier net méiglech gewiescht, wa mir net World Central Kitchen gehat hätten, deene mir nach eng Kéier e grousse Merci soen, am Numm vun alle Leit vu Valencia."

Paella preparéieren an Hëllef koordinéieren: De Victor an d'Bea Vidal
Paella preparéieren an Hëllef koordinéieren: De Victor an d'Bea Vidal
© Vidal

Den nächste Samschdeg wäert Dir eng "solidaresch Paella" zu Lëtzebuerg kachen. Wou kënnt déi Iddi hier a wéi vill Portiounen wäerten do zerwéiert ginn?

Victor Vidal: "Den nächste Samschdeg wäerte mir méi wéi 500 Portioune Paella Valenciana a Paella mat Geméis preparéieren. Gutt Frënn, den Eduardo Ruiz a seng Fra, haten eis virgeschloen, fir hei zu Lëtzebuerg eng Konferenz ofzehalen, fir iwwer eis Erfarunge bei den Iwwerschwemmungen zu Valencia ze schwätzen. Ech hat dunn d’Iddi, fir an Zesummenaarbecht mam Centro Español zu Lëtzebuerg e Paella-Festival ofzehale,n fir Sue fir World Central Kitchen ze sammelen. Dëse Festival war e risege Succès! Mat der Participatioun vum Círculo Antonio Machado an dem Centro Catalán de Luxemburgo konnte mir da méi wéi 500 Portioune Paella kachen a verkafen. An dat wëlle meng Fra Bea an ech elo widderhuelen an domat nees en Deel Suen un de Centro Español an u World Central Kitchen spenden, fir dass si hir fantastesch Aarbecht weiderféiere kënnen. Mir hoffen also, déi 500 Portioune Paella vum leschte Joer villäicht nach toppen ze kënnen!"

Wat bedeit de Slogan "Neighbours feeding neighbours"?

Victor Vidal: "Ganz einfach. Wann an enger Noutsituatioun keng Hëllef vum Staat kënnt, da musse littéralement 'Noperen hiren Noperen hëllefen'. Dësen Ausdrock ass wärend den Iwwerschwemmungen zu Valencia entstanen, wéi wéinst enger schlechter politescher a bürokratescher Organisatioun, d'Hëllef einfach net komm ass. An dës éischt Hëllef koum du vun den Noperen, de Leit aus den Nopeschgemengen."

© Centro Español

Wéi ass déi weltbekannte Spezialitéit, d'Paella, dann eigentlech entstanen?

Victor Vidal: "D'Paella Valenciana ass am Baueremilieu vu Valenzia entstanen. Wann d'Aarbechter op d'Felder schaffe gaange sinn, dann hu se Grapp voll Räis matgeholl, an dat wat si an hirer 'despensa' haten, dat heescht hannert hiren Haiser, wou si Déiere gehalen hunn, haaptsächlech Hénger a Kanéngercher. Si hu sech also e gudde Plat preparéiert mat deem Fleesch a Geméis aus hire Gäert. Dat gouf an enger klenger Pan gekacht. Wéi dunn awer de Plat och emol Sonndes fir d'ganz Famill op den Dësch koum, ass et mat dëser klenger Pan net méi duergaangen. Dowéinst ass déi typesch Paella-Pan entstanen, vill méi grouss a mat zwee Grëffer. DPaella Valenciana ass e festleche Plat. Wann zu Valencia een dech fir eng Paella bei sech heem invitéiert, dann ass dat méi wéi en Iessen. Et ass e flotte Moment a lëschteger Gesellschaft. Paella bedeit esou vill wéi 'Famill'."

© Vidal

Wourop muss een oppassen, wann een eng gutt Paella preparéiere wëll?

Victor Vidal: "Eng gutt Matière Première ass fundamental. E gudden Olivenueleg, frëscht Fleesch, frëscht Geméis, e gudde Räis...Mä alles dat bedeit näischt, wann een net a gudder Gesellschaft iesse kann. Eng gutt Paella fänkt domat un, dass ee sech zesummendeet fir d'Ingredienten anzekafen. Da preparéiert ee se zesumme mat gudde Frënn, dobäi e Glas Cremant oder e kale Béier. Dat Wichtegst dobäi ass, dass een een huet, mat dem ee se deele kann. Als Aperitif e puer Oliven, e puer Gildas (e Genre Tapas), eng gutt Iberico-Ham. Do kritt een dach direkt Loscht op eng Paella!"

Dat kann een haart soen! Wann Dir e Samschdeg och wëllt dës ganz speziell Paella schmaachen, da fannt Dir hei d'Detailer. Et soll ee sech am beschten umellen, wann Dir Iech ganz spontan e Samschdeg nach wëllt decidéieren, kënnt Dir och einfach viru 14h00 dohinner goen:

© Centro Español

Back to Top
CIM LOGO