Eigentlech war d'Dominique Santana a Brasilien geplënnert, fir hir Wuerzelen z'entdecken. Amplaz ass si op d'Geschicht vum "brasilianesche Minett" gestouss

Obwuel d'Dominique Santana mat brasilianesche Wuerzelen am Lëtzebuerger Minett opgewuess ass, hätt d'Historikerin sech nimools kënne virstellen, wat si entdecke sollt, wéi si no hire Studie mat hirem Mann a Brasilien geplënnert ass, fir do hire Wuerzelen op d'Spuer ze goen.

Déi brasilianesch-lëtzebuergesch Communautéit vu Monlevade

Duerch Zoufall ass d’Dominique Santana op déi brasilianesch-lëtzebuergesch Communautéit zu João Monlevade gestouss, déi gréisstendeels aus dem Minett kënnt. Als Historikerin huet si d'Geschicht hannendrun natierlech ganz spannend fonnt an ass mat hirem Lëtzebuerger Mann op Belo Horizonte geflunn. An der Haaptstad vum brasilianesche Bundesstaat Minas gerais ass nieft engem Spidol, e ganze Quartier no Lëtzebuerg benannt.

Vu Belo Horizonte goung et dunn e puer Stonne mam Auto duerch d'Terres rouges op João Monlevade – do, wou d'Stolwierk vun Arcelor Mittal steet. No engem häerzlechen Empfang vun den Awunner vu João Monlevade an och am Wierk vun Arcelor Mittal, huet d'Fuerscherin séier gemierkt, datt d'Geschicht vu Monlevade eenzegaarteg ass an awer nach ni erzielt gouf... "A wann ech dat net maachen, wie mécht et dann?"

Esou stoung hir Missioun fest: An hirer Dokteraarbecht wëll d'Dominique Santana d'Geschicht vun der "Colônia Luxemburguesa" erzielen. Mä fir d'Historikerin, déi schonn ëmmer eng kreativ Oder hat, war vun Ufank u kloer, datt si d'Geschicht anescht wéilt erzielen, weisen, datt Geschicht méi wéi Fakten, mä en Deel vun der Gesellschaft ass.

Ironescherweis ass et fir hiren Doktorat awer rëm zréck op Lëtzebuerg gaangen. Eigentlech war si dach a Brasilien geplënnert, fir hir brasilianesch Wuerzelen z'entdecken, "an dunn hunn ech Lëtzebuerg entdeckt".

De Projet "A Colônia Luxemburguesa"

Nodeems de Fond national de la recherche (FNR) hiren Dossier am Oktober 2017 ugeholl hat, huet d'Dominique Santana mat hirer Fuerschung beim C2DH, dem Luxembourg Center for Contemporary and Digital History, ugefaangen. Der Historikerin no déi "perfekt Plaz", "fir dierfe kreativ Geschichtsfuerschung" ze maachen. E wichtegt Zil vum C2DH ass et, "d'Geschicht méi no un de Public ze bréngen, och mat Hëllef vun digitale Medien".

Och den Direkter vum C2DH, de Prof. Andreas Fickers, deen och de "Supervisor" vum PhD vun der Fuerscherin war, huet sech vun Ufank u fir d'Iddi vun engem Documentaire begeeschtert. Allerdéngs misst Dominique Santana selwer d'Moyene fir de Projet zesumme kréien, well den C2DH déi néideg Ressourcen net dofir hat. Fir d'Historikerin just e weideren "Challenge", dee si gären ugeholl huet. Mam CNA, dem Centre national de l’audiovisuel, hat si hiren éischten an och mat vun deene wichtegste Partner fir hire Projet. Nieft den Archiven am Haus vum CNA huet d'Dominique Santana "Këschte voll mat Fotoe vu Lëtzebuerger, Päss, déi ofgelaf waren, Filmmaterial a villem méi" am Wierk vun Arcelor Mittal an dem Centre de mémoire fonnt, dat just "drop gewaart huet, behandelt ze ginn".

Zweete Partner u Bord war Samsa Film mam Produzent Bernard Michaux. Als Chercheuse hat d'Dominique Santana nach ni selwer e Film op d'Bee gestallt a krut mat Samsa Film déi néideg professionell Ënnerstëtzung fir d'Realisatioun vun hirem Projet. Bei der Finanzéierung gouf d'Team vum Dominique Santana vum Lëtzebuerger Filmfong ënnerstëtzt. "Ouni Filmfong hätte mer déi ganz Produktioun net kéinte stemmen, well den FNR huet haaptsächlech d'Recherche finanzéiert an de Filmfong eben d'Produktioun an et ass ëmmer méi grouss ginn, sou dass bemol och déi flott Opportunitéit koum, mat Esch2022 ze schaffen, wou eist Thema immens gutt gepasst huet: 'Minett, Remix, Stolindustrie, Immigratioun a Brasilien'."

Mam Zil virun Aen, hir Recherche der Gesellschaft ze vermëttelen, huet der Dominique Santana hir Aventure ugefaangen. Ma nieft dem Stress en Dokumentar-Film ze realiséieren, wärend si eng Dokteraarbecht schreift, koum och nach d'Corona-Pandemie dobäi. Nieft Mesuren, déi stänneg geännert hunn, war et net sécher, wéini d'Crew a Brasilien fléien dierf, wéi et mam Finanzement weider geet an et hat ee bei all Covid-Test Angscht positiv ze sinn. Ma d'Mënschen hunn d'Dominique Santana an hiert Team dankbar an häerzlech zu João Monlevade empfaangen. Ufanks ware si ganz iwwerrascht, datt "iwwerhaapt sech een no sou laanger Zäit fir si interesséiert huet", mä si "hu sech immens geéiert gefillt, dierfen hir Geschicht z'erzielen an och eng Stëmm ze kréien an eng wichteg Plaz an där Geschicht ze kréien".

Eng Reaktioun, déi een och beim groussen Event zu Belo Horizonte Enn Februar d'lescht Joer gespuert huet, bei deem de Film an d'Websäit lancéiert goufen. "Do hu Leit sech erëmgesinn, déi sech 30-40 Joer net méi gesinn haten an deem Raum, dat heescht Dir kënnt Iech virstellen, wat do fir Emotiounen am Raum waren a mir waren och eng grouss Delegatioun – mir waren zu mindestens 20 aus Lëtzebuerg, also dat ass och immens selten, dass d'Filmcrew dann och mat geet a Brasilien fir dat mat ze feieren an den CNA war och mat representéiert, den C2DH, Samsa Film, d'Ambassade, et war eng richteg Lëtzebuerger Delegatioun an dat war einfach priceless ze gesinn, wéi do d'Tréine gefloss sinn an d'Freed an do fillt ee sech als Chercheuse wierklech realiséiert, wann ee mierkt, 'OK déi ganz Méi, dee ganzen Asaz, dee ganze Sacrifice och', well ech si wierklech och duerch déck an dënn gaange mat deem Projet, 'huet sech gelount'."

"Groussen Challenge war natierlech d'Gläichgewiicht ze halen als Chercheuse an als Realisatrice wärend der Aventure vu 4 Joer PhD", erkläert eis d'Dominique Santana. Eng Zäit, an där si immens vill geléiert huet an, wéi si et beschreift, eng "flott Zesummenaarbecht tëscht der Industrie an der akademescher Welt hat". Awer och eng Zäit, an där hir ëmmer nees Zweiwel komm sinn. Si war anescht wéi aner Chercheuren. D'Dominique Santana war net dauernd um Büro, war mat enger Filmcrew ënnerwee, hat Kontakt mat de Mënschen an huet eben net dauernd un hirer Thees geschriwwen. "Sinn ech Akademikerin oder sinn ech eng Filmemaacherin? Kann ech iwwerhaapt déi zwee maachen? Wéi kréien ech de Bou, fir nach meng Thees kënnen ze schreiwen? Gëtt dat och unerkannt vun der Akademie/der Science?" Eng Auszeechnung, déi der Fuerscherin "Hoffnung" gëtt, ass den FNR Award 2023 fir "Outstanding Promotion of Science to the public". Datt si mat dësem Projet dës Éier kritt, ass fir d'Dominique Santana e Statement, datt et och an der akademescher Welt a Richtung, "Geschicht méi no un de Public" bréngen, geet, an datt "den FNR och bereet a motivéiert ass, dat z’ënnerstëtzen".

De mënschlechen Impakt

Déi gréissten Éier fir d'Dominique Santana ass allerdéngs den Impakt vum Projet op d'Gesellschaft. Virun allem fir d'Mënsche vu Monlevade konnt d'Fuerscherin vill erreechen. Vill vun hinnen hunn duerch de Projet geléiert, wat fir eng "räich Geschicht" si hunn. Si wieren zwar a "Schoule gaangen, déi Lëtzebuerger Nimm haten oder wunnen a Stroossen, déi no Lëtzebuerger benannt sinn", mä vu wou dës koumen, wousste si - bis d'Dominique Santana koum - net. "Mir wosste guer net, datt Monlevade eng Kéier sou multikulturell war an datt hei esou vill Europäer gewunnt hunn", zitéiert d'Historikerin d'Awunner. Duerch d'Aarbecht vun der Dominique Santana konnten d'Mënschen, "hir Geschicht entdecken, mat gestalten an de Patrimoine iwwerhaapt mol entdecken an dat ass, mengen ech, dee gréisste Reward fir mech als Chercheuse, ze gesinn, datt meng Recherche hinne ganz vill konnt bréngen".

An och a Lëtzebuerg hat de Projet "A Colônia Luxemburguesa" en Impakt. Nieft enger Kollaboratioun tëscht der Uni.lu an der Uni vu Sao Paolo, souwéi engem Jumelage tëscht der Gemeng Esch a João Monlevade konnten och d'Lëtzebuerger d'Geschicht vum "brasilianesche Minett" wärend Esch2022 um Belval entdecken. Do stoung nämlech, grad ewéi zu João Monlevade, e sougenannte "[L]aço Kiosk". Mam "[L]aço Kiosk", an deem eng Ausstellung iwwer de Projet ze gesinn ass an dee mat engem Ecran via Facetime mam "Kiosk" zu Monlevade verbonnen ass, wollt d'Dominique Santana eng "méi perséinlech a physesch Interaktioun mam Projet an de Vierdergrond setzen". Nieft der Reklamm, déi de Projet krut, nodeems de Grand-Duc Henri perséinlech den éischten Uruff gemaach huet, konnt d'Dominique Santana mat de "[L]aço Kiosken" hire Wonsch realiséieren, och Jonker mat an de Projet anzebannen – Jonker, déi soss vläicht net vill mat Geschicht um Hutt hunn. Eng spannend Experienz, besonnesch fir de Felix an de Leo, déi esou hire Wee fir 7 Méint a Brasilien fonnt hunn. Och si goufen häerzlech vun de Leit vu Monlevade empfaangen an de Felix, deen deemools kee Wuert Portugisesch konnt, schwätzt et haut fléissend. Zesumme mat de Benevolle Kayla an Anderson, déi um Belval geholl hunn, hu si d'"[L]aço Kiosken" geréiert.

Lancement vum Film an der Websäit an d'Inauguratioun vum (L)aço Kiosk
Zu Belo Horizonte, der Haaptstad vu Minas Gerais

Neie Projet "Radio Lëtzebuerg"

Viru Kuerzem huet d'Fuerscherin dann och scho mat hirem neie Projet ugefaangen. E Projet, dee sech ideal dofir eegent Geschicht a Medien ze mëschen. Scho wärend der Aarbecht un "A Colônia Luxemburguesa" hunn de Bernard Michaux an de Paul Lesch, deemolegen Direkter vum CNA, ëmmer nees iwwer e Projet "Radio Lëtzebuerg" geschwat.

Nodeems d'Chercheuse en neie Projet gesicht huet a sech emol an d'Thema eragelies hat, war fir d'Dominique Santana kloer, datt Radio Lëtzebuerg net just e private Sender aus engem klenge Land ass, mä e "global Player an der Mediegeschicht" ass. Ma wéi d'Historikerin nun emol esou ass, leet si och beim neie Projet de Fokus net einfach just op d'Firmegeschicht, mä op de gesellschaftlechen Impakt, dee Radio Lëtzebuerg am Laf vun de Joerzéngten hat. "A fir de gesellschaftlechen Impakt och ze spieren, setze mer och de Fokus op Mënschen, déi Radio Lëtzebuerg erlieft hunn. Souwuel an der Villa Louvigny, déi also do geschafft hunn, wéi och d'Fan-Communities a lauter verschidde Länner. Also net just a Lëtzebuerg, mä och an England, an Ost-Europa wärend dem Kale Krich, a Finnland. Iwwerall, iwwerall gouf Radio Lëtzebuerg gelauschtert. An dat zu Zäiten, wou et mol keen Internet gouf, hat Radio Lëtzebuerg einfach Milliounen Zuhörer. Dat muss ee sech mol virstellen, wat fir en Impakt esou e private Sender dann och op europäeschem Level hat."

Fir d'Dominique Santana, déi och mam Titel "Citoyenne honoraire vu João Monlevade" geéiert gouf, ass Geschicht "e wichtege Bestanddeel vun der Gesellschaft, dee soll vill méi inklusiv gemaach ginn an et ass meng Missioun als Chercheuse an och als Filmemaacher dat méi ze pushen".

De ganz Projet an d'Geschicht vun der brasilianesch-lëtzebuergescher Communautéit zu João Monlevade fannt dir op www.colonia.lu.