
Déi fréier Stärekächin ass en Dënschdeg bei enger Zeremonie an der däitscher Ambassade zu Lëtzebuerg mam Bundesverdienstkreuz ausgezeechent ginn. Vun der Ambassadrice Dr. Heike Peitsch ass d'Léa Linster fir hir Karriär gewierdegt ginn, déi wäit iwwer d'Kichen erausgeet. Si wier zanter Joerzéngten eng vun de bekanntste kulinareschen Ambassadricen vu Lëtzebuerg.
1989 war d'Léa Linster als éischt Fra mam Bocuse d'Or ausgezeechent ginn. Entretemps huet hire Jong Louis de Restaurant zu Fréiseng iwwerholl, deen zwee Michelin-Stären huet.