Der Police vun Toronto ass dee gréisste Schlag an hirer Geschicht géint Fälscher vu Sportartikele gelongen. Ronn 16.000 Trikoten a Fändele si bei enger Perquisitioun zu Mississauga, engem Viruert vun Toronto, confisquéiert ginn. Donieft wieren och nach zwou Fälschunge vun der WM-Coupe fonnt ginn. D'Artikele sollen zesummen e Wäert vu gutt 2,5 Milliounen US-Dollar hunn.
An deem Kader sinn zwee Männer aus der Regioun wéinst onerlaabtem Fälsche vu Markenartikele festgeholl an ugeklot ginn. Si sollen ënnert dem Numm "Amana Trading Company" d'Fälschungen u Butteker geliwwert hunn. Dobäi huet et sech net just ëm WM-Artikele gehandelt, mee och ëm Wueren an Trikoten aus anere Sportaarten.
D'Police geet virun der Futtballweltmeeschterschaft verstäerkt géint Fälscher vir a réit de Fans, net op Offeren anzegoen, déi ze gutt klénge fir wouer ze sinn. Meeschtens wiere se dann effektiv net wouer. Beim Onlineshopping soll een op "ze gutt" Präisser bei Markenartikelen oppassen a sech zur Sécherheet op der Homepage vun der Mark informéieren, wou ee bei sech an der Géigend déi entspriechend Artikelen offiziell kafe kann.
