Anescht wéi bei eis huet Neijoerschdag a China kee festen Datum. Dëst Joer fält dësen op de 10. Februar, 2023 war et schonn den 22. Januar.

Wisou feiert China Neijoerschdag anescht, wéi mir?

De chineesesche Kalenner baséiert sech éischter op de Mound- a Sonnenzyklus, also op déi exakt Placéierunge vun den zwee Himmelskierper, an esou variéiert den Dag, op deem d'Chineesen an dat neit Joer kommen, ebe vu Joer zu Joer. Meeschtens fält dësen Dag iergendwann tëscht Januar a Februar, erkläert den Jauffrey Bareille vum Konfuzius-Institut op der Uni Lëtzebuerg.

De Mound ass wichteg fir festzeleeën, wéi laang ee Mount am Kalenner soll daueren an déi astronomesch Placéierung vun der Sonn gëtt genotzt, fir d'Joreszäiten ze definéieren. De chineeseschen Neijoerschdag gëtt nieft China och a Korea, dem Vietnam an am Nepal gefeiert.

Wat sinn d'Traditiounen

D'Fest dauert a China an der Reegel 15 Deeg an änelt dobäi awer éischter eisem Chrëschtdag, wéi eisem Neijoerschdag. Et kënnt een an dëser Zäit mat Frënn a Famill zesummen an et ginn och Kaddoe verdeelt. Dës Kaddoe kënne vun allen Zorte sinn, ma ganz beléift sinn déi "rout Enveloppen", an deene Sue sinn, fir datt dee Beschenkte sech kafe kann, wat hie wëll, ma och verschidde Spréch, an deene Gesondheet, Gléck a Räichtum gewënscht gëtt.

Wärend de Festivitéite vun Neijoerschdag geet et vill drëm, fir déi "béis Geeschter" ze verdreiwen, dat esouwuel fir ee selwer, wéi och fir déi Leit, déi ee bei sech invitéiert huet. Dofir hänkt een eng Dekoratioun, eng Aart Lamellen, virun d'Hausdier. Ma och d'Schéisse vu Freedefeier soll déi béis Geeschter wäit ewech halen.

Wärend déi béis Geeschter dobausse bleiwe sollen, gëtt d'Gléck begréisst. Dofir ginn d'Dieren an d'Fënsteren opgelooss, fir d'Gléck eranzeloossen, an d'Fréijoersbotz gëtt ofgehalen, datt d'Gléck och eng gutt Plaz ka kréien. Séisses gëtt et dann och, well engem dës Schneekegkeeten dat neit Joer verséisse sollen.

Chineesesch Stärenzeechen: E wichtege Bestanddeel vun hirem Kalenner

12 Déiere representéieren dat chineesescht Stärenzeechen an all Déier kënnt an engem Zyklus vun 12 Joer zeréck. 2024 ass d'Joer vum Holz-Draach, dem fënnefte vun de Stärenzeechen. Dëst Zeeche steet fir Kraaft, Stäerkt an Energie a versprécht Gléck a Wuelstand. D'Joer vum Holz-Draach dauert bis den 28. Januar 2025.

Nieft dem Draach ginn et nach d'Rat, de Büffel, den Tiger, den Hues, d'Schlaang, d'Päerd, d'Schof, den Af, de Hong, den Hond an d'Schwäin. Kombinéiert ginn dës nach mat de sougenannten "Himmelsstämm", Äerd, Feier, Waasser, Holz a Metall, esou datt ee spezifescht Stärenzeechen, wéi am neie Joer den Holz-Draach, just all 60 Joer zeréckkënnt.

Wat kënnt op den Dësch?

Wéi op ville Plazen, variéiert d'Iessen, wat wärend dem chineeseschen Neijoerschfest op den Dësch kënnt, vu Famill zu Famill a Regioun zu Regioun. International ass wuel "d'Pekingint" déi berüümtste Versioun vum Iessen.

A China selwer ginn awer als Entrée gär Fréijoersrollen zerwéiert, dat souwuel mat Geméis, wéi och mat Fleesch oder Fësch gefëllt. Och rout Dattelen, Jujube genannt, gi gären opgedëscht. Si symboliséiere Gléck a Wuelstand. Och Poulet steet fir Gléck a gëtt dofir och reegelméisseg wärend dem Neijoerschdag zerwéiert. Als Geméis kritt een da ganz gären Lotuswuerzel, dëst ass e Symbol vu Kontinuitéit an Zesummenhalt. Och Fësch ass gär als Plat gesinn, well dëse de Persounen, déi en op dësem Dag iessen, soll Iwwerfloss a Wuelstand bréngen. Fir Wuelstand a Gléck steet da Schwéngefleesch, wuel och ee Grond, wisou dëst dacks um Dësch ze fannen ass.

De Regiounen no verännere sech dann d'Iessgewunnechten op Neijoerschdag. An Nordchina gëtt Jiaozi, also gefëllten Samosas, zerwéiert, wärend am Süde vu China e pechege Räiskuch op den Dësch kënnt. An der Stad Chongqing steet Hotpot, also eng chineesesch Fondue, um Programm an an Zentralchina gräift ee gären op Babaofan, also en Eintopf mat verschiddenen Zorte Weess an Nëss, zeréck. An Ostchina dogéint sti séiss Räiskuggelen - Tangyuan genannt - um Menü, meeschtens si se gefëllt mat roude Bounen an Affennëss.

Weider Deeler aus eiser Serie iwwer déi verschiddenst Feierdeeg a Fester:

Hierkonft, Ënnerscheeder an Traditiounen - Esou feiert d'Welt Silvester!

Chrëschtdag - E Familljefest mat net just chrëschtlechem Hannergrond?

Chanukka - Dat jiddescht Liichterfest, fir Zäit mat Famill a Frënn ze verbréngen

Eng vum Kleesche verzielt: Sollen d'Kanner dru gleewen oder d'Elteren éierlech sinn?

Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen... De 6. Dezember war Niklosdag! Ma wat stécht dohannert?

Véierten Donneschdeg am November: Weltbekannten amerikanesch Traditioun: Wat ass "Thanksgiving"?

Thanksgiving fir Amerikaner zu Lëtzebuerg: Per Facetime mat der Famill an den USA oder "Friendsgiving" zesumme mat de Frënn