Dat jiddescht Liichterfest, fir Zäit mat Famill a Frënn ze verbréngen
Chanukka ass ee vun de bekanntste Bräich am jiddesche Glawen a gëtt all Joer gefeiert.
Wat ass d'Bedeitung vu Chanukka
Chanukka gëtt och nach "Liichterfest" genannt, well wärend der ganzer Zäit vum Fest e Käerzestänner mat aacht Flamen, Chanukkia genannt, all Dag ugefaange gëtt. Ma net all d'Käerze ginn zum selwechten Ament ugefaangen. Dem Brauch no gëtt all Dag eng weider Käerz ugefaangen. An der Woch ass dat de Fall, wann d'Sonn bis ënnergaangen ass. Well awer um Samschdeg, dem Schabbat, keng Flam ugefaangen dierf ginn, brennt um Freideg och d'Liicht vun der Schabbat-Käerz.
Déi aacht Chanukkia-Käerze si gläich héich a stinn an enger riichter Rei. Verschidde Käerzestänner hunn nach eng néngt Käerz, déi méi héich steet. Dës Käerz, och "Schamasch-Käerz" genannt, gëtt da genotzt, fir déi aner Käerzen unzefänken. Placéiere soll een d'Chanukkia am Idealfall ëmmer bei d'Fënster, fir dat och d'Aussewelt freet um Liicht kann hunn.
Mä wisou fänken d'Judden d'Käerzen zu Chanukka un? Och dëst geet, wéi schonn den Datum, op de Bau vum Tempel zeréck. Nodeem dësen ageweit gouf, hat ee just ganz wéineg geseentent Ueleg, fir d'Luucht unzefänken, nodeem déi griichesch Truppen de Gros dovun zerstéiert haten. U sech sollt et fir maximal een Dag duergoen. Ma d'Menora, e Leuchter mat siwe Luuchten, ass awer wärend aacht Deeg net eidel ginn, bis een neit rengt Ueleg hat, wat een notze konnt. Dowéinst dauert Chanukka-Fest och haut aacht Deeg. D'Menora am Tempel sollt u sech ëmmer brennen, well hiert d'Liicht fir Asiicht, Erleuchtung a Liewensfreed steet.
D'Wuert "Chanukka" kéint een iwwregens als "Wiedervereenegung" iwwersetzen. Et soll drun erënneren, datt den Tempel zu Jerusalem nees zeréck un déi jiddesch Communautéit zeréckgaangen ass.
Chanukka: Wéini gëtt gefeiert?
Kuerz gesot: Den Ufank vu Chanukka ass ëmmer de 25. Kislew an dauert vun deem Dag un aacht Deeg. 2023 wier dat da vum 7. bis de 15. Dezember. Kislew ass iwwregens den drëtte Mount am jiddesche Kalenner an de 25. Dag vun dësem Mount ass de Joresdag vun der Aweiung vum Tempel zu Jerusalem, nodeem dësen eng Zäit laang vun de griichesch-syreschen Herrscher genotzt gouf. De Krich tëscht de Besatzer an de Makkabäer huet dräi Joer gedauert a war 164 viru Christus eriwwer.
Chanukka huet u sech an eisem Kalenner kee festen Datum, mä fält ëmmer an d'Zäit vun November an Dezember. Dat hänkt domadder zesummen, datt de Kislew, wat iwwersat "Déck" heescht, och ëmmer tëscht Mëtt November a Mëtt Dezember ufänkt. De Mount huet u sech 29 Deeg, ausser op engem Schaltjoer, all zwee bis dräi Joer, sinn et der 30. Am jiddesche Kalenner si mer iwwregens vum 15. September 2023 un am Joer 5784.
Wéi gëtt gefeiert?
Wärend Chanukka komme Famill a Frënn zesummen. Kanner kréien dobäi kleng Kaddoen oder och Suen. Dobäi gëtt en traditionellt Iessen, natierlech mat Ueleg, preparéiert an et gi Lidder gesongen, Spiller gespillt a Geschichten erzielt. Wärend d'Käerzen un der Chanukkia brennen, wat ronn eng hallef Stonn laang de Fall ass, soll awer keen am Haushalt schaffen.
Um Iessensdësch gëtt et ganz gären e Latkes, eng Zort Gromperekichelchen a Sufaniot, eng Aart Berliner. Gespillt gëtt mam Trendel, engem Kreisel mat véier Säiten, duerch deen och definéiert gëtt, wéi ee Kand wéi ee Kaddo kritt. Déi Säit vum Trendel, déi no uewe weist, gëtt un, wéi ee Gewënn ee kritt.
Dat Materiellt steet bei Chanukka awer net am Vierdergrond, mä éischter d'Zesummesi mat de Frënn an der Famill.
Weider Deeler aus eiser Serie iwwer déi verschiddenst Feierdeeg a Fester:
Eng vum Kleesche verzielt: Sollen d'Kanner dru gleewen oder d'Elteren éierlech sinn?
Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen... De 6. Dezember war Niklosdag! Ma wat stécht dohannert?
Véierten Donneschdeg am November: Weltbekannten amerikanesch Traditioun: Wat ass "Thanksgiving"?