Wéi all Joer ass besonnesch den Ufank vum Mount Dezember ganz spannend fir Kanner. De 6. Dezember ass Niklosdag an da ginn et Kaddoen a Schneekegkeeten.

Fir d'Kanner ass de 6. Dezember domadder e richtegen Highlight am Joer. Mä wat ass nach méi den Ënnerscheed tëscht dem Kleeschen an dem Santa Claus? An da gëtt et dach och nach d'Chrëschtkëndchen...

Eng Traditioun aus der Tierkei

Zu Lëtzebuerg gëtt de Kleeschen als eelere Mann mat Baart, wäissen Hoer an engem roude Gewannt duergestallt. Den hellegen Zinniklos, wéi en och nach genannt gëtt, huet e spatzen, rouden Hutt um Kapp an e Staf an der Hand. Et ass e Mann, op dee sech d'Kanner all Joers nees freeën.

D'Traditioun vum 6. Dezember éiert eigentlech de Bëschof Nikolaus vu Myra, dee Mënschen an Nout soll gehollef a Kanner protegéiert hunn. Myra war deemools en Deel vu Kappadokien, do wou haut d'Tierkei ass. D'Fest huet säin Ursprong an der chrëschtlecher Relioun a markéiert den Ufank vun der Adventszäit.

Am 4. Joerhonnert gouf dem Bëschof Nikolaus säin Doudesdag zu engem Feierdag, fir Kanner an Aarmer ze beschenken.

Haut ass Niklosdag esou e wichtegt Fest, dass den Educatiounsministère entscheet huet, dass d'Kanner aus der Grondschoul op dësem Dag fräi hunn. An deenen Deeg virdru kënnt den hellege Mann d'Kanner och schonn an der Schoul besichen.

De Kleeschen an den Houseker - Waren d'Kanner brav?

Schonn Enn November stellen d'Kanner owes hir Schlapp virun d'Kummerdier, dermat de Kleeschen an der Nuecht eng Séissegkeet dra verstoppe kann - virausgesat, et huet ee sech geschéckt. De Kleesche kënnt meeschtens nämlech net eleng, mä gëtt vum Houseker begleet. E Mann, deen d'Kanner manner gär hunn, well dee bréngt eng Rutt, wann een net esou brav war.

Weider ginn et am Virfeld an um Dag selwer eng ganz Partie Ëmzich a Kleeserchersfeieren uechter d'Land, wou de Kleeschen eng Titche mat Séissegkeete verdeelt. Jee no Regioun kënnt hie mol mam Schëff, mam Auto, mam Zuch an Tram oder mat der Päerdskutsch.

An der Nuecht vum 5. op de 6. Dezember bréngt de Kleeschen dann d'Kaddoe fir d'Kanner. Weider ass et en übleche Brauch, dass d'Kanner owes eng Taass Mëllech an e puer Kichelcher fir de Kleeschen an e bëssen Hee oder Muerteschuele fir den Iesel dohi leen, dermat déi zwee sech stäerke kënnen.

Santa Claus - Eng Erfindung vu Coca-Cola?

RTL

© Photo by Gordon Donovan / NurPhoto / NurPhoto via AFP

D'Figur vum Santa Claus gehéiert wuel zu deene charmantste Ligen op der Welt. Anescht wéi de Kleeschen ass et de Santa Claus nämlech ni wierklech ginn a gëtt zu Lëtzebuerg eigentlech och net gefeiert.

Europäer, déi an Amerika ausgewandert sinn, hunn de Brauch vum Kleeschen ëm 1860 mat eriwwer geholl. Allerdéngs hu si erzielt, dass den hellege Mann vum Nordpol komme géing. Vun 1930 un huet eng Coca-Cola-Campagne d'Bild vum Mann mam wäisse Baart a roude Mantel op engem Rendéier-Schlitt gepräägt. De Santa Claus war gebuer.

An Amerika kënnt de Santa Claus och eréischt de 25. Dezember. Bei eisen däitschen Nopere bréngt de Weihnachtsmann schonn Hellegowend d'Kaddoen.

A wien ass d'Chrëschtkëndchen?

Den Dag, wou bei aneren de Santa Claus kënnt, kënnt bei eis am Land d'Chrëschtkëndchen. Wien d'Figur mat de blonden Hoer, wäissem Kleed an Hellegeschäin doheem feiert, deen hält eng joerhonnertelaang Traditioun oprecht.

De Marthin Luther hätt net vill vum Kleesche gehalen, en als "kindisches Ding" bezeechent an e schliisslech duerch den "Hellege Chrëscht" am 16. Joerhonnert ersat. D'Fest ëm d'Gebuert Christi sollt an de Mëttelpunkt réckelen.

Dat ursprénglecht Chrëschtkëndchen huet dat neigebuerent Jesuskand zimmlech änlech gesinn. Allerdéngs huet sech d'Figur vum Chrëschtkëndche weiderentwéckelt an huet mat der Zäit ëmmer méi wéi en Engel ausgesinn, dat net méi vill Ähnlechkeete mam Jesus hat.

Trotz der Kritik vum Luther huet sech de Kleesche bis haut duerchgesat.

Wisou ginn et iwwerhaapt Kaddoen?

Och wann de Kleeschen, de Santa Claus an d'Chrëschtkëndche ganz verschidden ausgesinn, esou hu se awer eppes gemeinsam: Si brénge de Kanner Kaddoen an de Commerce freet sech iwwert dës Zäit.

Mä dëst Verschenken ass dës Kéier net just eng Erfindung vu räiche Geschäftsleit, déi nach méi räich wëlle ginn, mä si geet effektiv op de Bëschof Nikolaus vu Myra zeréck, deen ebe Mënschen, deenen et net gutt goung, Kaddoe gemaach huet, fir datt si e bëssen aus hirer Noutlag erauskoumen.

An eiser moderner Zäit ass dat e bëssen ëmgewandelt ginn. Hei kréien d'Kanner, wa se da brav waren, an den Deeg virun Niklosdag eng Schneekegkeet an hire Schong, hire Stiwwel oder hir Schlapp, wa se déi dann erausgestallt hunn an och Niklosdag selwer da meeschtens nach e gréissere Kaddo an en Teller voll mat Séissegkeeten an Uebst.

D'Geschäftsleit an d'Entreprisen hu sech natierlech dorobber agestallt a lackele mat grousser Offer a ganz dacks och enger extra Broschür, wou d'Kanner kënne gesinn, wat dëst Joer alles fir de Kleeschen "in" ass. Net vill anescht gesäit dat beim Santa Claus oder Weihnachtsmann respektiv beim Chrëschtkëndchen ëm Chrëschtdag aus.

Domadder gëtt den Dezember e ganz gudde Mount fir de Commerce an e méi deiere fir deen oder déi, déi d'Kaddoe jo och gäre maachen.

De Kleeschen um Tour duerch Lëtzebuerg: E puer Impressiounen

Och an den Deeg virun Niklosdag huet de Kleesche scho vill ze dinn
Mir hunn de Kleeschen an den Houseker een Dag viru Kleeserchersdag an eng Crèche zu Déifferdeng begleet, wou d'Kanner scho ganz ongedëlleg gewaart hunn.